Éischt Sitzung vum neie Gemengerot

Präsenzen (9/9): Camille Hoffmann (Buergermeeschter); Lily Scholtes an Emile Wies (Schäffen); Andreza Sanguessuga, Jean-Paul Stirn, Cindy Pereira, Jean-Luc Nosbusch, Marie-Ange Marson a Sandra Levy (Gemengeréit). Georges Rischette (Gemengesekretär).

Virun der Sitzung gouf d’Sandra Drouet-Levy vum Buergermeeschter Camille Hoffmann als Gemengerot vereedegt an esou ass de Beeforter Gemengerot lo offiziell komplett, vereedegt an a Funktioun.

Éier d’Matdeelunge vum Schäfferot verkënnegt goufen huet de Buergermeeschter Camille Hoffmann jidderengem fir den Anzuch an de Gemengerot felicitéiert an eng gutt Zesummenaarbecht gewënscht. Um PAG (plan d’aménagement general) gëtt weider geschafft an et geet een dovunner aus, datt Enn Januar eng Reunioun mam Gemengerot ka stattfannen. Aus dem fréiere Postgebai besteet d’Iddi fir dorausser sozial Wunnengen anzeriichten. Allerdéngs bestinn tëschen der Gemeng an der Post ganz grouss Ënnerscheeder wat de Präis ubelaangt an et gesäit schlecht aus fir op ee gemeinsamen Nenner ze kommen, zemools well gréisser Ëmbauaarbechte musse gemeet ginn an dowéinst gëtt Ofstand vun deem Projet geholl.

Des Weidere besteet ee Projet am Ufanksstadium vun enger Crèche, déi eng Privatpersoun agereecht huet, an och de Projet “Viz an der Schoul” ass dëst Joer weidergefouert ginn.

Sämtlech Punkte goufen eestëmmeg ugeholl.

1. Den Tableau de préséance vum neie Gemengerot, deen nom Artikel 11 vum Gemengegesetz vum 13. Dezember 1988 opgestallt gouf, gesäit folgend Reiefolleg vir (a Klammeren den Datum vun der éischter Wiel):

Lily Scholtes (18. Oktober 1987),
Camille Hoffmann (17. Oktober 1993),
Emile Wies (9. Oktober 2005),
Adreza Sanguessuga (9. Oktober 2005),
Jean-Paul Stirn (9. Oktober 2011),
Cindy Pereira (9. Oktober 2011),
Jean-Luc Nosbusch (8. Oktober 2017),
Marie-Ange Marson (8. Oktober 2017),
Sandra Levy (8. Oktober 2017).

2. Ofgesi vum Syndicat d’initiative et du tourisme an de Schlassfrënn gouf et all Kéiers eng Kandidatur fir de jeeweilege Posten an hei krut all Kandidat néng Stëmmen. Beim Syndicat d’initiative et du tourisme huet sech de Jean-Paul Stirn mat sechs Stëmmen géint de Jean-Luc Nosbusch (dräi Stëmmen) duerchgesat a bei de Schlassfrënn gouf et dräi Kandidature fir zwou Plazen. Am éischte Wahlgang krut Lily Scholtes siwe Stëmmen an d’Andreza Sanguessuga an de Jean-Luc Nosbusch jeeweils eng Stëmm. Am zweete Wahlgang ass de Jean-Luc Nosbusch mat fënnef géint véier Stëmme fir d’Andreza Sanguessuga gewielt ginn.

D’Wahle ware geheim, och bei de Wahlgäng, wou nëmmen eng Kandidatur virloung. Ernannt goufen:

Syndicat intercommunal “Naturpark Mëllerdall”: Camille Hoffmann.

Sydicat intercommunal de dépollution des eaux résiduaires de l’Est (Sidest): Camille Hoffmann.

Sydicat intercommunal pour la collecte, l’évacuation et l’élimination des ordures (Sidec): Emile Wies.

Sydicat intercommunal pour la création, l’aménagement, la promotion et l’exploitation d’unze zone d’activités économiques à caractère regional dans le canton d’Echternach (Siaee): Camille Hoffmann.

Sydicat intercommunal Siaee – délégué suppléant: Jean-Paul Stirn.

Sydicat intercommunal ayant pour Objet la construction, l’entretien et l’exploitation d’un crématoire – candidat délégué : Jean-Paul Stirn.

Sydicat intercommunal de gestion informatique – candidat délégué: Jean-Luc Nosbusch.

Sydicat intercommunal à vocation multiple des villes et communes luxembourgeoises pour la promotion et la sauvegarde d’intérêts généraux et communaux (Syvicol): Lily Scholtes.

“Landakademie”: Lily Scholtes.

Office régional du tourisme (ORT): Cindy Pereira.

Groupe d’action locale Leader Regioun Mëllerdall: Camille Hoffmann.

Groupe d’action locale Leader Regioun Mëllerdall – délégué suppléant: Andreza Sanguessuga.

Commission de Surveillance du Sydicat intercommunal Filano: Marie-Ange Marson.

Commission de Surveillance du Syndicat intercommunal Filano – délégué suppléant: Sandra Levy.

Syndicat d’initiative et du tourisme: Jean-Paul Stirn.

Les Amis des Châteaux de Beaufort: Lily Scholtes a Jean-Luc Nosbusch.

Délégué à l’égalité des chances entre femmes et hommes: Marie-Ange Marson.

La sécurité routière: Cindy Pereira.

Nordstadjugend: Sandra Levy.

3. Den Total beleeft sech op: 1.985.051,01 Euro.

4. De “Syndicat Mullerthal” (Syndicat pour la création d’un Parc Naturel dans la région du Mullerthal) huet säin Zweck erfëllt an dowéinst gëtt en opgeléist.

5. Dem Bäitrëttswonsch vun de Gemenge Manternach a Fréiseng gouf entsprach.

6. Ugeholl. 88 Kanner vu Beefort sinn an de verschidde Coursen zu Iechternach ageschriwwen.

7. Hei geet et em verschidde Problemer, déi bei der Erneierung vun der Eppelduerferstrooss opgetratt sinn.

8. D’Statute vum “Rullen.Club” goufen zur Kenntnis geholl.

Ënner Verschiddenes goufe folgend Themae behandelt: d’Ausschreiwung vun de berodende Kommissiounen, ee Klimapakt-Team bilden, de Rassemblement des Beaufort, de CIGR Mëllerdall an d’Spillplazen, déi staark renovéierungsbedürfteg sinn.

D’Sitzung gouf um 21.56 Auer opgehuewen an déi nächst Sitzung ass op e Mëttwoch, den 13. Dezember, ëm 19.30 Auer festgeluecht ginn.