Spaass op véier Rieder um Äis

D’Saison vum Icekarting huet gëschter Owend ugefaangen an déi éischt Ekipp, déi gefuer ass, waren déi fréier Schüler aus der Dikricher Hotelschoul. Éier d’Membere vun der “Amicale des Anciens Elèves du Lycée Technique Hôtelier “Alexis Heck” sech am “Puck” op der Äispist getraff hunn, stoung mat der Visite vum Renaissance-Schlass ee kulturellen Deel um Programm an zum Ofschloss gouf et ee Grog mam Beeforter Cassero.

Kuerz op 20 Auer war dann de Start vun der éischter Ekipp mat sechs Leit, déi all Kéiers mat 6.5 PS aus 200 Kubik ënnert hirem Sëtz iwwert d’Äis geflitzt sinn. Zanter Joren huet den Icekarting een immense Succès an och dëst Joer ass dat rëm de Fall. Direkt den éischten Dag vun den Aschreiwungen den 1. September ware sämtlech Terminer vun der Saison beluecht: vu gëschter Dënschdeg bis e Sonndeg, de 4. Mäerz 2018.

De Syndicat d’initiative et du tourisme huet vum Start vun der neier Saison am Icekarting profitéiert fir een neien an aktuelle Publicitéitsvideo ze dréinen. Soubal dee fäerdeg ass gëtt deen iwwert déi verschidde Kanäl vum Beeforter publizéiert.

Ofgeschloss gouf den Owend am “De Puck by Ballanti”, wou een déi nei Erfahrung bei enger gudder Stäerkung mat engem Pättchen ausgetosch huet.