“Rock de Chrëschtbeemchen”

Ënnert dem Thema “Rock de Chrëschtbeemchen” hunn d’Beeforter Scouten Grupp Frère Roger op hiren Adventsmaart an de Kummelsbau invitéiert.

Um Programm stoungen selwer gebastelt Chrëschtsaachen, eng Mini-Playback-Show a fir Iessen a Gedrénks war an der Kaffisstuff gesuergt. Donieft konnt een an der Tombola säi Gléck versichen. E puer Fotoandréck vum leschte Samschdeg: