Reen am Ufank vum Indianerfest

De Reen gëschter am spéiden Nomëtteg huet dofir gesuergt, datt d’Leit op d’Indianerfest am Tipiduerf um Camping Plage méi spéit komm sinn ewéi virgesinn. Géint 19.30 Auer, ronn annerhallef Stonn nom Ufank, hunn ëmmer méi Leit de Wee an dëse flotten Eck vum Camping fonnt a ganz no beim Bësch war d’Fest vum Syndicat d’initiative et du tourisme Beaufort organiséiert ginn.

Beim Ponyreiden duerch de Bësch hu sech d’Kanner gutt amuséiert an d’Grupp “The Roadrunners Country Band” war fir déi musikalesch Ënnerhalung zoustänneg. Spezialitéite vum Grill hunn hiren Deel fir déi néideg Stäerkung beim Patt a gudder Stëmmung bäigedroen.