Besuch aus Beaufort

Gëschter hat Beefort Besuch aus Beaufort an Ëmgéigend, méi genau Beaufort-en-Anjou. Zanter dem 1. Januar 2016 sinn déi fréier Gemenge Beaufort-en-Vallée a Gée zu Beaufort-en-Anjou fusionéiert a si leien am Departement Maine-et-Loire am Pays de la Loire.

Den Initiator vun dëser Visite war de Michel Taugourdeau, de fréiere Präsident vun der Associatioun “Rassemblement des Beaufort”. Zu enger 20 Leit maache se eng Visite zu Lëtzebuerg an um hire Programm stounge Velofueren a Wanderen.

No enger Receptioun op der Gemeng an engem Mëttegiessen beim Hotel Meyer hu se d’Schoul, d’Jugendherberge, d’Äispist an d’Schlass besicht. Un dësem Rendezvous hu sech och e puer Beeforter bedeelegt, déi zum feste Bestanddeel vun de “Rassemblement des Beaufort” gehéieren: Margot Flammang, Monique Trentin a Paul a Liette Riehl.

Erënnere mer drun, datt d’nächst Joer de “Rassemblement des Beaufort” hei zu Beefort ofgehale gëtt. Den Datum steet och fest an zwar den 8., 9. an 10. Juni 2018.