Vakanz doheem

Beefort an Emgéigend si fir vill Leit eng Vakanzendestinatioun an dat nit nëmme fir d’Gäscht aus den Nopeschlänner an driwwer eraus mais och vill Lëtzebuerger verbréngen eng flott Zäit an eiser Géigend. Dat konnt ee gëschter bei zwou touristesch Manifestatioune gesinn, déi zu Beefort ofgehale goufen.

Moies stoung de “Mullerthal Nature” um Programm. Mat der Päerdskutsch goung et an de Bësch an ënnerwee huet de Fieschter Marc Hoffmann Erklärungen zu der Waldbewirtschaftung ginn. Et ass ee ganz interessant Thema an d’Leit wore beandrockt ewéi de Bësch lieft. Kanner hunn zäitweis nogelauschtert a si hu vill vun der grousser Spillplaz an der fräier Natur profitéiert. Alleguer ware se begeeschtert ewéi si gesinn hunn ewéi ee Bam ëmgeseet gëtt a grouss Deeler vun engem Ardennerpäerd transportéiert ginn. Pénktlech fir Mëtteg wor de Programm ofgeschloss.

Owes war dann de Rendezvous am Schlass. Hei huet de Ritter Siggi mat sengem Burgfräulein an enger flotter a sympathescher Manéier eng Visite guidée duerch d’Mëttelalterschlass gemeet. Gëschter Owend wor déi éischt Editioun vun de Castle KNights, déi nach de 2., 9. an de 16. August ugebuede ginn. 33 Erwuessener a 37 Kanner hu sech bei dëser éischter Editioun am Schlass afonnt. Zemools de Kanner konnt een d’Begeeschterung gesinn ewéi se mam Lampion duerch déi verschidde donkel Raim gaange sinn.

Informatiounen zum “Mullerthal Nature”, déi den 2., 9., 16. an den 23. August ugebuede ginn, stinn um Site www.mullerthal.lu. Pro Tour kënnen 12 Leit deelhuelen an dofir muss ee sech am Virfeld umellen. Keng Umellung brauch een bei de “Castle KNights” an de komplette Programm vum Schlass fënnt een um Site www.beaufortcastles.com.