Abroch an de Büro vum Syndicat d’initiative: Suen aus dem Safe geklaut

Béis Iwwerraschung de Moie géint 7.30 Auer fir d’Mataarbechter vum Beeforter Syndicat d’initiative et du tourisme (SITB): An der Nuecht vun e Samschdeg op haut Sonndeg gouf an hire Büro agebrach an de Schued ass zimlech héich. Nieft dem Büro vum SITB sinn hei och nach d’Rezeptioun vum Camping Plage an d’Entreeskeess vun der Schwämm ënnerbruecht.

Laut Zeienaussoe konnt den Abroch géint 4 Auer moies geschitt sinn well se ëm déi Zäit Kaméidi héieren hunn. Riets laanscht d’Gebai sinn d’Abriecher iwwert d’Clôture geklotert an hunn hannen am Gebai den ënneschten Deel vun der Dir vum Büro mat engem Bolzeschneider opgemeet. Versicht gouf och op aner Plazen d’Dieren a Fënsteren opzekréien.

Am Büro selwer hu se kee gréissere Chaos hannerlooss a verschidden Indice schléissen nit aus, datt sech deen oder déi Abriecher an dëse Raimlechkeete relativ gutt auskennen. De Schlëssel vum Safe gouf zum Beispill direkt fonnt a si sinn ouni Ëmweeër bei Safe gaangen an hunn deen eidel gemeet. Nëmme Geld gouf geklaut a keng Pabeieren oder Ähnleches.

D’Police vun Iechternach wor dann de Moien op der Plaz an huet d’Spure geséchert. Jiddereen, deen eppes Opfälleges gesinn oder Verdächteges héieren huet, ass gebieden et der Police Iechternach um Telefon 244 72 – 200 oder 113 ze mellen.

D’Foussofdréck un der Clôture vun der Schwämm.

Mat engem Bolzeschneider gouf d’Dier opgebrach.

D’Police Iechternach mecht d’Enquête vum Abroch.