Gutt Laun trotz dem Reen

Nit grad vum gudde Wieder begleet wor déi fënneft Editioun vum BRB – dem Blues ‘n Rock Beaufort, deen de leschte Samschdeg um Site vun der Reitschoul iwwert d’Bühn gaangen ass a vun de Beeforter Theaterfrënn organiséiert gouf. Opgetruede sinn ab 17.30 Auer folgend Gruppen: „The Backscratchers“, „Dizzy Picture“, „Fred Barreto Group“ an „The Carps“, déi zanter Joren erëm zesummen opgetruede sinn.

Trotz dem schlechte Wieder hunn eng Reih Leit de Wee op Beefort fonnt a fir eng gutt Stëmmung gesuergt. Hei e puer Andréck vum flotte musikaleschen Owend an déi komplett Fotosgalerie fënnt een ënnert dësem Link.