Éischten Duerfmaart zu Beefort

De jéngste Veräin aus der Gemeng hat gëschter seng éischt Aktivitéit organiséiert. Riets geet et ëm d’Beeforter Duerffrënn a si hu sech als Zil gesat Aktivitéite fir Beeforter Leit ze organiséieren, fir sech ze treffen an esou d’Duerliewen ze ënnerstëtzen.

Leider huet d’Wieder net matgespillt fir aus der éischter Manifestatioun ee ganz grousse Succès ze maachen. Ouni Zweifel war awer den éischten Duerfmaart een Erfolleg. Net manner ewéi 58 Aussteller waren zu Beefort um Site vun der Place des Nations (Kiosk) a Schoulkomplex vertrueden. Sécherlech ass et net einfach an dësen Zäiten eng Manifestatioun no den aktuelle Reegelen ze organiséieren well se all puer Wochen änneren. Eng weider Onsécherheet ass d’Reaktioun vun de Leit. Komme se a wa jo, wéi verhale si sech.

D’Tatsaach, datt nom vun der Kulturkommissioun organiséierte Concert rëm Aktivitéiten zu Beefort stattfannen ass ee gutt Zeechen an et kann een dem jonke Veräin nëmme félicitéieren d’Initiativ ergraff ze hunn, datt Zu Beefort “rëm eng leeft”. D’Aussteller waren zefridden a si hu schonns hir Zouso fir eng zweet Editioun vum Duerfmaart nächst Joer am Juli ginn. Anerer géifen et begréissen op aner Fester zu Beefort ze kommen.

Et dierft ee gespaant sinn, wat als nächst um Agenda vun de Beeforter Duerffrënn steet.