Beeforter Duerfpatt

Den neie Veräin “Beeforter Duerffrënn” huet de leschte Samschdeg op een Duerfpatt am Schmattsgaart invitéiert. Am Joer 1760 gouf am ale Beeforter Duerfkär ee Bauerenhaus mat Scheier opgeriicht. Bis an d’Joer 1786 gouf et hei eng Schmëdd an doduercher krut d’Gebai vun der Famill Even-Linckels-Dussier den Numm “a Schmatts”. Haut ass den Numm “Maison Dussier” méi geleefeg obwuel de richtegen Numm Schmattshaus ass.

Beim Duerfpatt, deen als CovidCheck-System gelaf ass, konnt een e puer gemittlech Stonnen an enger flotter Ambiance verbréngen an dat trotz dem Reen, dee méi spéit am Owend agesat huet. Bei dëser Geleeënheet gouf och eng Visite vum Generatiounsgaart gemeet, dee sech direkt hannert dem Schmattsgaart befënnt.

De Rendezvous vum nächste Duerfpatt steet och fest: Samschdeg, den 18. September.