Eng schwiereg Saison

Am Kummelsbau an ënnert de sanitäre Konditiounen huet de Beeforter Syndicat d’initiative et du tourisme seng Generalversammlung ofgehal. Et wor ee schwieregt Joer, dat ënnert der Pandemie gelidden huet, zemools de kuerze Betrib op der Äispist. Wéinst der Situatioun gouf d’Präsenz vum Syndicat bei de verschiddenen Aktivitéiten op eng Persoun beschränkt, den Austausch ass zum gréissten Deel online iwwert d’Bühn gaangen an et huet een un enger Rëtsch Webinaren deelgeholl.

Ofgesot goufen am leschte Joer d’Grouss Botz, de Blummemaart, d’Tipi-Fest, de Summermaart, de Kiermesmaart, d’Ice-Skating-Show a Schlittschongcoursen. Mat Aschränkungen a Verspéidung ass den 1. Juli d’Schwämm opgaangen. Een Online-Ticket-System gouf dowéinst extra ageriicht. Ee grousse Succès wor den éischten Hondsschwammdag de leschten Dag vun der Schwämm.  D’Animatioun wärend dem Summer um Camping hunn ausschliisslech Kënschtler gemeet a net wéi gewinnt Studenten.

D’Saison op der Äispist wor ganz kuerz. Si konnt nëmme fir den Äishockey, Schoulklassen, Gruppen an Icekarting op sinn an dat nëmme bis de 25. November. Vu que, datt et keng Aussiicht op eng séier Ouverture bestoung gouf décidéiert d’Killmaschinnen auszeschalten. Fäerdeggestallt gouf allerdéngs den Neibau vum Projet “Patinoire Beaufort 6919” mat de Raimlechkeete fir d’Beaufort Knights, de Sanitärblock 4 fir de Camping, Vestiaire fir den Ice-Karting a Vestiaire fir Gruppen a Schoulklassen.

Zu den Investitiounen am leschte Joer zielen eng nei Barrière beim Camping an d’Ëmhae vu Bierke wéinst Pilzbefall wärend bei der Äispist d’Keess an d’Locatioun vun de Schlittschung ëmgeännert goufen an een Éischt-Hëllef-Raum ageriicht gouf. Fir d’éischte Kéier no zéng Joer gouf den Zeltdaach grouss gebotzt. D’Digitaliséierung an de verschiddene Formen gouf ënnerstëtzt an dowéinst goufen nei Computeren a Serveren ugeschaaft. De “Corporate Design” ass weiderentwéckelt ginn an d’Annoncen an d’Homepage kruten een neien Design.

Weider zu de Statistiken an direkt eng kuerz Erklärung. A Klammere sinn d’Zuele vun 2019 an den Ënnerscheed a Prozent ausgedréckt. Beim Camping: Ureesen insgesamt: 4.615 (7.001, – 34,1%); Wanderhütten: 241 (496, – 51,4 %); Mobilhomes: 162 (162, – 30,5 %); Tipis: 856 (552, – 35,5 %); Animatiounen: 9 (50, – 82 %); Participanten: 341 (466, – 26,8 %); duerchschnëttlech Unzuel vu Participanten: 37,9 (9,3, + 407,5 %); Locatiounen “Rent a Bike”: 149 (170, – 12,4 %); Visiteuren an der Schwämm: 13.742 (21.259, – 35,4 %); Visiteuren am Büro: 3.992 (6.102, – 34,6 %). Äispist: Entréeën eenzel: 0 (19.647, – 100 %); Entréeë Gruppen a Schoulen: 769 (6.983, – 89 %); Stonnen Icekarting: 18 (147, – 87,8 %); Locatioun vun der Äispist a Stonnen: 6,5 (0, + 100 %). Iwweregens goufe 217 Iwwernuechtungsbonge vu 50 Euro ageléist a coronabedéngt war de Camping tëschen dem 16. Mäerz an dem 20. Mee zou.  

Um finanzielle Plang gesinn déi eenzel Netto-Resultater esou aus: Schwämm: – 50.826,62 Euro; Äispist: -94.008,62 Euro; Camping: 113.631,77 Euro; Administration generale: – 26.058,59 Euro. D’Joer gëtt mat enger Perte vun 57.262,06 Euro ofgeschloss. D’Joer virdru konnt nach ee Boni vun 100.046,84 Euro verbucht ginn.    

An Zukunft si weiderhin Investitioune geplangt. Dozou zielen ënner anerem de Kaf vun dräi neien Igluhuts mat Kanaluschloss, een neie Plang fir de Weiderbau vum neie Sanitärblock 2 mat dräi neie Gäschtezëmmeren an eng Wunneng, Neiplantatioun vun Hecken a Beem, Wifi um Camping, Kaf vun zwee E-Bikes, Moderniséierung vun der Botztechnik a Programméierung vum Steiergerät an der Schwämm a Marketing.

Zum Ofschloss vun der Generalversammlung huet de Buergermeeschter Camille Hoffmann dem Comité Merci gesot, datt se wärend der schwéierer Zäit d’Handduch net geheit hunn a sech weider fir den Tourismus an der Gemeng asetzen. Ouni d’Schwämm an d’Äispist géif Beefort un Attraktivitéit verléieren a si kënnen an Zukunft weiderhin op d’Ënnerstëtzung vun der Gemeng zielen.

De Comité setzt sech zesummen aus Françoise Bonert (Presidentin a Sekretärin), Nancy Dupont-Courtois (Vizepresidentin), Camille Hoffmann (Trésorier), John Stirn (Delegéierte vun der Gemeng) a Carole Schaffner-Bintener, René Champagne an Emile Wies (Memberen). Keesserevisore sinn de Charel Lenz a Jemp Winandy. Merci gesot kruten déi fréier Comitésmemberen Alphons Haaker, Jos Scholtes, Jean-Paul Post an Thomas Fellerich.