528 Hënn um Départ

Iwwert de Weekend war eng weider lass um Terrain bei der Äispist. Den Agility-Veräin “4 Running Paws” huet nämlech op säi Summertournéier invitéiert. An de verschiddene Kategorie sinn am Ganzen e Samschdeg 270 Hënn an e Sonndeg 258 Hënn un den Départ gaangen. Zesumme mat hirer Meeschtesch oder Meeschter hu se missen de Parcours mat verschiddenen Hindernisser sou séier wéi méiglech an och wa méiglech feelerfräi meeschteren.

Nieft de Lëtzebuerger Vertrieder aus Beefort, Beetebuerg, Déifferdéng, Munneref, Groussbus, Diddeleng, Lamadelaine, Péiteng, Lëtzebuerg, Sauerdall Bettenduerf, Kielen, Suessem, Woltz a Biissen waren nach Veräiner aus Däitschland (Wülfrath, Übach-Palenberg, Gangelt, Veldenz, Hagen, Wadern, Mönchengladbach, Urexweiler, Simmerath, Heinsberg, Morscheid, Wegberg, Wuppertal, Trier), Belsch (Crisnee, Dolhain, Marbais, Corroy-le-Château) a Frankräich (Drusenheim).

De Veräin “4 Running Paws” gouf 2015 zu Bäerdref an huet zanter e puer Joer säi Sëtz hei zu Beefort. Reegelméisseg am Juni organiséiert de Veräin säi Summertournéier. No dräi Joer huet rëm een Tournéier fir Hënn zu Beefort stattfonnt. D’lescht Joer gouf de Concours wéinst der Pandemie ofgesot a virun zwee Joer gouf eng Paus ageluecht.