Beeforter Welt- a Landesmeeschter um Podium

An de vergaangene Méint stoungen eng Rei Beeforter mat enger Gold-, Sëlwer- oder Bronzemedail um Podium a Verschiddener vun hinne stounge souguer méi wéi eng Kéier drop. De ganzen haarden Training, Éiergäiz, Wëllen a Konditioun hu Friichte gedroen a si konnte sech op den éischte Plaze placéieren. Bei den internationale Meeschterschaften hu si nieft Lëtzebuerg och Beefort vertrueden.

De Schäffen- a Gemengerot huet déi aussergewéinlech Leeschtunge félicitéiert an d’Sportler op “hire Podium” an der Gemeng agelueden. Et war keng Sportleréierung am klassesche Sënn well normalerweis ass et un der Sportskommissioun fir eng Sportleréierung ze organiséieren. Allerdéngs gëtt et keng Sportskommissioun a mat der Feier “Um Podium” kruten déi verdéngschtvoll Sportler eng gebührend Unerkennung fir hir aussergewéinlech Leeschtungen. Et bleift ze hoffen, datt no Wahle sech genuch Leit an déi verschidde Kommissioune mellen an esou fir eent aktiivt Duerfliewe bäidroen.

Vum 7. bis den 12. August war zu Rozogi a Polen déi fënneft Weltmeeschterschaft am Indiaca. Indiaca gëtt mat enger Zort groussem Fiederball (Indiaca) op engem Volleyballterrain mat Netz gespillt. Et ass an dëser aktueller Form nach eng relativ jonk Sportaart obwuel den Ursprung bei den Urawunner Südamerikas ugeholl gëtt. Haut sinn nëmme sechs Länner an der “International Indiaca Association” vertrueden: Estland, Däitschland, Japan, Südkorea, Schwäiz a Lëtzebuerg. D’Weltmeeschterschaft gëtt all véier Joer ausgedroen an et gi Männer-, Dammen- a Mixedekippen. Tania Thielen vu Beefort spillt beim Indiacaveräin zu Bettenduerf a bei der Weltmeeschterschaft huet hatt an der Mixed-Ekipp gespillt. Si si bis an d’Finall komm an hunn do géint Däitschland gespillt. Ee Saz geet bis 25 an et mussen op mannst zwee Punkten Ënnerscheed sinn. Den éischte Saz hu se 14:25 verluer, den zweete Saz 28:26 gewonn an am alles entscheedenden drëtte Saz 16:25 verluer. Als Vizeweltmeeschter hu si vun de Lëtzebuerger Ekippen déi bescht Plazéierung gemeet. Männer kruten déi Bronzemedail an d’Damme koumen op déi véiert Plaz. An der Kategorie 40+ ass et dräimol eng fënneft Plaz ginn. Déi nächst Weltmeeschterschaft ass am Joer 2021 hei zu Lëtzebuerg.

Zum Judo: D’Anetta a Klara Mosr (gebuer de 25. Oktober 2000) si Landesmeeschter an hire jeeweilege Gewiichtskategorien an déi Meeschterschaft gouf am Mäerz dëst Joer hei zu Beefort ausgedroen. Réckbléckend déi wichtegst international Resultater: 24.09.2016, European Cup Warschau, Polen, Anetta 5., Klara 7.; 29.10.2016, Internationales A-Turnier in Lommel (B), Klara 5.; 29.10.2016, Interreg-Championnat, Klara 2.; 29.-30.10.2016, Flanders Cup (B), Klara 5.; 14.-15.01.2017, Dutch Open Eindhoven, Anetta 3., 11.-12.02.2017, European Cup Follorica (I), Anetta 7., 19.03.2017, Vulkaneifelturnier, Klara 1., 08.-09.04.2017 European Cup Teplice (CZE), Anetta 3., 06.-07.05.2017, European Cup Ploiesti (ROM), Anetta 1., Klara 3., 27.-28.05.2017 European Cup Coimbra (P), Anetta 5., 30.06.-01.07.2017, Judo-Europameisterschaft in Kaunas (LTU), Anetta 5. Des Weidere waren déi zwee Judokas den 12. August 2017 op der Judo-Weltmeeschterschaft zu Santiago de Chile.

D’Finall vun der Eenzelmeeschterschaft “Herren Veteranen B” am Keelen gouf ufanks Abrëll am Café Mersch zu Béiwen/Atert gespillt an am Ganzen hu sech 15 Spiller fir dës Finall qualifizéiert. Et wor déi éischte Kéier, datt de Mato Ivelj vum “KC Beefort” un dëser Eenzelmeeschterschaft deelgeholl huet. Mat engem Total vun 98 Punkte ass den Nico Ries vum „KC Big Ben 63 Beetebuerg“ Champion an dëser Kategorie ginn. 95 Punkten huet de Mato gespillt an deen Total huet och de Roger Engel vum „Vischte Kranz Péiteng“ erspillt. D’Reglement gesäit an dësem Fall vir, datt den eelste Spiller Virrang kritt an esou koum et, datt de Mato dem Roger Engel de Virtrëtt huet misse ginn.

Vum 10. bis de 16. Abrëll war d’Äishockeyweltmeeschterschaft vun der drëtter Divisioun zu Sofia a Bulgarien. Äishockeyweltmeeschterschaften fannen iwweregens all Joer statt. Lëtzebuerg huet an der Grupp B gespillt an am Grupp A ware Chinese Taipei, Hongkong, Bulgarien a Bosnien-Herzegowina, déi allerdéngs nit ugetruede sinn. Am 25 Mann staarke Kader spillen der zwielef beim IHCB: Michel Welter, Joel Holtzem, Cedric Farinon, Ben Houdremont, Mirko Mosr, Benny Welter, Bob Linster, Nicolas Mossong, Eric Wambach, Xavier Thill, François Schons a Kai Linster. Mam Robert an Thierry Beran stoungen zwee weider Beeforter um Äis, déi allerdéngs beim Tornado spillen. Den éischte Mätsch hu se géint Vereenegt Arabesch Emirate locker mat 17:0 gewonn. Géint Georgien war et méi knapp wann een de Spillverlaf kuckt: 1:0, 1:1, 2:1, 3:1, 4:1, 4:2, 4:3, 5:3, 5:4 a schliisslech 6:4 gewonn. Am leschte Gruppemätsch géint Südafrika huet ee séier den éischte Goal geschoss a réischt zéng Minutte viru Schluss koum den Ausgläich. An der 57. Minutt ass den 2:1 an an der leschter Minutt souguer den 3:1 fir Lëtzebuerg. Kee Problem gouf et dann an der Halleffinal géint Hongkong, déi een 8:1 gewonnen huet. An der Final huet Bulgarien gewaart, dat sech och op d’Ënnerstëtzung vun de Zuschauer konnt verloossen. An der drëtter Minutt ass den 1:0 fir d’Haushäre gefall an direkt zwou Minutten drop koum den Ausgläich. D’Bulgaren hu weider Drock gemeet an hu fir d’éischt op 2:1 an duerno an der 16. Minutt op 3:1 erhéicht. An der nämmlechter Minutt konnt Lëtzebuerg op 3:2 verkierzen an dräi Minutte méi spéit ass souguer den 3:3 gefall. An der 23. Minutt ass Lëtzebuerg fir d’éischte Kéier a Féierung gaangen a siwe Minutte méi spéit koum den Ausgläich. Zwou Minutten drop huet Lëtzebuerg de 4:5 geschoss an dann de Mätsch dominéiert. Mat engem 4:7 fir Lëtzebuerg goung et an d’Paus an am leschten Drëttel nach dräi Goaler geschoss: Ennresultat 4:10. Den 8. Mee goufen d’Weltmeeschter beim Premier Xavier Bëttel emfaangen.

Nodeems se jorelaang an der däitscher Rheinland-Pfalz-Liga gespillt hunn, huet den IHCB d’lescht Joer ee Wiessel vollzunn a spillt an der belscher Division 1. Hei waren eelef Ekippen ugemellt an direkt an der éischter Saison konnte si déi zweet Plaz hannert de “Cold Play Sharks” aus Mechelen beleeën (Vizechampion). Nieft den zwielef Weltmeeschter gehéieren nach dës Spiller zu der éischter Ekipp: Piotr Swideret, Sven Cruchten, Claude Mossong, Kevin Strebel, Thierry Holtzem, Dennis Grönlund, Miro Mosr, Yvan Boumal, Brian Schleimer a Ricky Barciela da Guia. Festzehalen bleift och nach, datt de Beeforter Spielertrainer Benny Welter beschte Scorer an der Liga ginn ass.