Déi lescht Gemengerotssëtzung virun de Wahlen

Präsenzen (7/8): Camille Hoffmann, Emile Wies, Cindy Pereira, Jean-Paul Post, Andreza Sanguessuga, Jean-Paul Stirn, Romain Thielen. Absence: Lily Scholtes (Krankheet). Georges Rischette.

An der leschter Gemengerotssëtzung virun de Wahlen den 8. Oktober goufe sämtlech Punkten eestëmmeg ugeholl. Ënnert Matdeelunge vum Schäfferot goufe folgend Themen ugeschwat: Dëse Méindeg ass eng Pressekonferenz an der Maison Theis mat der Virstellung vum Bilan 18 Méint Naturpark Mëllerdall, d’Chrëschtbeliichtung a verschidde Réuniounen. D’Aarbechte vum neie Pompjeesbau si liicht a Verzuch geroden an dee gëtt vum neie Schäffen- a Gemengerot ageweit.

1. Den Total vun den Einname beleeft sech op 500.294,37 Euro an de gréissten Deel dovunner staamt vun de Waasser- a Kanaltaxen.

2. D’Gesamtinvestitiounen belafe sech op 192.350 Euro an et ginn Einname vun 98.100 Euro erwaart.

3. Am Budget ordinaire goufen Upassungen vun 68.659 Euro an am Budget extraordinaire vun 1.680 Euro genehmegt.

4. Eestëmmeg ugeholl.

5. Am Ganzen handelt et sech ëm fënnef Akten.

Verschiddenes: D’Journée nationale de commémoration gëtt den 10. Oktober um 19 Auer zelebréiert. De Camille Hoffmann huet dem austriedende Schäffen- a Gemengerot an deene zwee Leit, déi nit méi untrieden, ee grousse Merci gesot fir déi konstruktiv Aarbecht an de leschte sechs Joer an de Romain Thielen huet ebenfalls Merci gesot.

D’Sëtzung gouf um 19.54 opgehuewen.