Ganz am Zeeche vum Oktoberfest

De Samschdegowend steet Beefort ganz am Zeeche vum Oktoberfest. Knapps siwe Stonnen nom Fassanstich op de Wiesn zu München war Beefort un der Reih. Am Géigesaz zum Münchener Buergermeeschter Dieter Reiter, deen zweemol zougeschlo huet fir de Fassanstich, huet den Alex Pereira, Kommandant vun de Beeforter Pompjeeën, ee bëssi méi laang gebraucht bis de Béier gefloss ass. Bei dëser Editioun gëtt d’Oktoberfest op der Äispist vu PaprikArt zesumme mam Judoclub, der Elterevereenegung an dem Syndicat d’initiative et du tourisme organiséiert.

Frënn vun der Wiesn kënnen beim Honger tësche gebootschte Grompere mat Sauerkraut an Haxen oder hallwe Poulet oder zwee Weisswurscht wielen a selbstverständlich och mam passende Béier den Duuscht läschen. Fir d’Ënnerhalung suergen de Gamsbart Trio an den DJ Al.

Net nëmmen op der Äispist gëtt d’Oktoberfest gefeiert. Niewendrun am Puck ass een Haxenowend a wéi d’Äispist ass och hei alles a wäiss a hellblo dekoréiert. E puer Fotoandréck vum Ufank vun den zwee Fester an enger gemeinsamer Fotogalerie zesummegefaast.