“Hard Ball” de 4. a 5. August

Op der Generalversammlung vun de “Victory Riders” am Kummelsbau gouf nieft dem neie Patch de Rahmeprogramm vum dësjäregen “Hard Ball” ugekënnegt. Den neien dräideelege Patch mam Kapp vun engem Steebock ersetzt de fréiere Logo mat den zwee roude Léiwen.

No dräi Joer Paus wéinst Corona fënnt dëst Joer de “Hard Ball” de Weekend vum 4. a 5. August statt. De Freideg steet ganz am Zeeche vum Blues an e Samschdeg wäerten dräi Bands live optrieden. Aktivitéite si vun 10 bis 3 Auer nuets virgesinn, dorënner och den Charity-Run, ee Motorrads-Tour duerch d’Géigend. Méi schwéier ewéi virgesinn ass et fir Verkafsstänn ze fannen. Eng Rei Stänn sinn duerch d’Pandemie Faillite gaangen.

2021 ass wéinst de bekannte Grënn net vill gelaf. De 24. Abrëll hu sech d’Victory Riders un engem Charity-Event bedeelegt, um Beeforter Duerfmaart an den 28. August um “Hannibal Run”. Am Kader vum 20. Anniversaire vum “Victory Motorcycle Club” gouf et ee “VMC Europe Run V2E”, dee wärend enger Woch vu Schottland bis an Italien ass. Den Tour huet och Lëtzebuerg passéiert. Dëst Joer geet den Tour vum Süden an den Norden a geplangt ass och ee Passage duerch Beefort an zwar de 4. Juli. Dat neit Clubhaus am ale Beeforter Duerfkär wäert wuel am Juli oder August ageweit ginn.

De Comité vun de “Victory Riders Luxembourg” mam Sëtz zu Beefort stellt sech zesummen aus: President Fränz Hauschild, Vizepresident Romain Drouet, Sekretär Tom Gengler, Caissière Sandra Drouet-Levy an de Memberen Ian Gengler, Patrick Engel an Thorsten Gsell.