Agility-Turnéer de 25. a 26. Juni

D’Generalversammlung vum Agility-Veräin “4 Running Paws” huet an der “Hostellerie de Beaufort” stattfonnt. No enger kuerzer Begréissung duerch d’Presidentin Monique Paulus huet d’Sekretärin Marie-Josée Mertz-Blum d’Aktivitéite vum leschte Joer virgedroen.

Sechs Membere mat néng Hënn hunn am Joer 2022 reegelméisseg un den Tournéier deelgeholl: 25 zu Lëtzebuerg, 18 an Däitschland, een an der Schwäiz an eng Woch an Dänemark. 45 Traininge goufen zu Saarburg gehalen.

Den traditionellen Turnéier vum Veräin selwer ass d’lescht Joer de 25. a 26. Juni iwwert d’Bühn gaangen. Um Programm stounge Samschdesmoies Jumping 3 an A3 an nomëttes A2, A1 a Jumping 2-1. Sonndes war et ëmgedréint an ugefaangen huet ee fir d’éischt mam Jumping 1-2, A1, A2 an nomëttes A3 a Jumping. Samschdeg goufe 107 an e Sonndeg 110 Starter gezielt. Riichter dee Weekend ware Corinne Bormann a Martin Schoffelmeer. Am Virfeld vum Tournoi gouf den Dag virdrun ee Seminaire mam Martin Schoffelmeer ofgehalen. Zéng Leit hu sech mat hiren Hënn bedeelegt a verschidde Leit hunn och um Camping iwwernuecht.

Bei de Landesmeeschterschaften de Weekend vum 15. a 16. Oktober huet d’Sonja Wanderscheid mat hirem “Pace” an der Klass “Large” déi véiert Plaz beluecht.

De Veräin huet och an d’Material investéiert a si hunn eng Soft-Mauer an ee Soft-Wäitsprong mat engem Reef bestallt. Déi nei Geräter goufe wärend Päischten beim Nordseeturnéier benotzt an uschléissend konnt een dat Material méi bëlleg kréien, wat de Veräin och gemeet huet.

Dëst Joer wäerten d’Membere vum Agility-Veräin u verschidden Turnéier zu Lëtzebuerg, Däitschland an an der Schwäiz deelhuelen an och am Oktober un de Landesmeeschterschaften. Den Tournoi zu Beefort fënnt de Weekend vum 24. a 25. Juni statt an d’Riichtere sinn d’Laura Grosser aus Däitschland a Rik Hemmen aus Lëtzebuerg. Um Europadag den 9. Mee zu Beefort wäert de Veräin Hondskichelcher verkafen.

Den detailléierte Finanzrapport, dee mat engem Boni ofgeschloss huet, gouf vum Caissier Guy Hilbert virgedroen an de Caissier krut op Virschlag vun de Préiwerinne Sonja Wanderscheid a Corinne Schmit Entlaaschtung.

De Membersbeitrag an de Comité bleiwen onverännert: Presidentin Monique Paulus, Vizepresidentin Sandra Quint, Sekretärin Marie-Josée Mertz-Blum, Caissier Guy Hilbert a Member Thorsten Quint. Keesserevisorinne sinn d’Sonja Wanderscheid a Corinne Schmit. Mam Monique Paulus huet de Veräin eng international Agility-Riichterin.

Ënner Verschiddenes gouf et haaptsächlech een Thema an zwar d’Trainingsméiglechkeeten an der Hal zu Saarburg. De Propriétaire huet gewiesselt an d’Zukunft vun der Hal ass ongewëss. Si befënnt sech an enger Industriezon mat ville Geschäfter a fir den neie Propriétaire bidde sech méi lukrativ Aktivitéiten un. De Buergermeeschter Camille Hoffmann huet dem Veräin Ënnerstëtzung zougesot fir een neie Site um Terrain vun der Gemeng ze fannen.