Sécherheet an der Gemeng garantéieren  

An hirem Zenter hunn de Centre d’incendie et de secours (CIS) an d’Amicale Pompjeeë Beefort hire Réckbléck vum Joer 2022 virgedroen. No senger Begréissung huet den Zenterchef Etienne Vrolijk d’Strukture vum Centre d’incendie et de secours presentéiert. D’organisatoresch Struktur setzt sech zesummen aus dem Zenterchef Etienne Vrolijk an Zenterchef adjoint Corey Dupont zesummen, d’operationell Struktur aus de Sektiounscheffe Etienne Vrolijk a Claude Bartz an déi Verantwortlech an de verschiddenen Unitéite sinn den Etienne Vrolijk (Administratioun), Jérôme Vazzoler (Logistik an Technik), Corey Dupont (Formatioun) a Lyn Stangé (Jugend).

De CIS Beefort zielt 35 Memberen an déi sinn ënnerdeelt an zwielef Leit fir Brandbekämpfung an technesch Hëllefsleeschtung (Incendie-Sauvetage, INCSA), fënnef Leit fir Persounerettung (Secours à personne, SAP), 16 Leit INCSA-SAP a fënnef Veteranen. An de verschidden Unitéite goufen am Ganzen 523 Stonnen oder 65,38 Deeg verbucht. Déi Stonne setze sech zesummen aus 190 Stonnen Administratioun, 119 Stonne Logistik, 59 Stonne Formatioun, 141 Stonne Jugend a 14 Stonne Präventioun.

Am Verglach zum Joer virdru goufen et immens vill Bränn ze verzeechnen: 13 am Ganzen an haaptsächlech waren et Vegetatiounsbränn wéinst der Dréchent an de Summerméint. Och 13 technesch Asätz goufen notéiert. Donieft goufen de CIS op fënnef Verkéiersaccidenter an een “Divers”-Asaz geruff. Zweemol gouf een Asaz annuléiert. De gréissten Zuel vun den Asätz mécht d’Persounerettung aus: 79 vum Total vun 113. 103 Asätz waren um Gebitt vun der Gemeng Beefort an déi aner zéng Asätz ware bei den Nopeschgemengen.

An der Moyenne huet et aacht Minutte gedauert bis d’Leit vum Zenter geruff goufen an op den Asaz komm sinn. Déi meescht Asätz sinn tësche 6 a 16 Auer an onglécklecherweis ass dat eng Period, wou den Zenter am schlechtste besat ass.

19 Presenzen an 117 Stonne goufen an der Unitéit “Logistik an Technik” vermierkt. Dozou zielen den Entretien vum Material a verschidde Reparaturen grad ewéi Kleeder- a Materialbestellungen. Wärend dem ganzen Joer gouf et nieft den normalen Übunge fir déi eenzel Memberen (28) och Weiderbildung an de verschiddene spezifesche Sparten ewéi zum Beispill Otemschutz.

Zéng Jongen an zwee Meedercher bilden d’Jugendpompjeeën a si haten eelef Übungen an dräi Versammlungen. Hei kann d’Jugendleederin Lyn Stangé op d’Ënnerstëtzung vum Johan de Carvalho, Jérôme Jade, Laura Sauber, Tom Meyers, Corey Dupont an Etienne Vrolijk zielen. Buergbrennen, Grouss Botz, Éischte-Mee, Rallye zu Waasserbëlleg, nationale Gedenkdag, Virbereedung op den Wëssenstest an de Wëssenstest selwer zu Konsdref, Kichelcher bake fir de Wantermaart an eng Ofschlossfeier. Dat waren hir Aktivitéiten am leschten Joer.

Nom Bilan vum Centre d’incendie et de secours war et un der Rei vun der Amicale fir hire Réckbléck virzestellen, déi 2022 siwe Comité- an dräi Memberversammlungen ofgehalen huet an och eng Versammlung fir d’Statuten. D’Joer huet ugefaange mam Asammele vu Chrëschtbeemercher a virum Buergbrenne war een nach zesummen an enger Schivakanz zu Schladming. Bei enger Spendenaktioun vun der Amicale Pompjeeën Ettelbréck hunn déi Beeforter ee Schéck an Héicht vu 4.500 Euro fir Medikamenter an der Ukrain iwwerreecht.

Enn Mäerz huet d’Zeltekipp bei engem Ofschlossiesse offiziell mat den Aktivitéiten opgehalen an d’Material ass zréck un d’Gemeng gaangen. No der Grousser Botz gouf den Unhänger restauréiert an den Éischte-Mee hat deen ënner anerem de Meekranz transportéiert. Wärend de CIS zesumme mat der Fiels d’Gefierer ausgestallt huet d’Amicale um Europadag Feierläscher verkaf. No laangem Waarde konnt een endlech d’Ausstellung “Interschutz” zu Hannover besichen, gemeinsam mat de Betribspompjeeë vun der SEO. Present war een op der 100-Joer-Feier vun de Pompjeeë vun Trierweiler an um Duerfmaart hei zu Beefort. Am Juli goufen nei T-Shirten a Jackette fir d’Membere bestallt an zesumme mam CIS war een de “World Rescue Challenge” kucken. Nom Wantermaart huet een d’Joer zesumme mam CIS ofgeschloss.

Dat war awer net alles. Wärend dem Joer war een op verschidde Aktivitéite a Fester vun aner Pompjeescorpsen an den Ekippegeescht gouf mat reegelméissege Mannschaftsowender opgebessert. Um Enn vum Joer gouf rëm eng Kéier um Unhänger geschafft an dee weider restauréiert.

De positive Keesebericht vum Edin Marusic gouf vun de Revisore Jean Bosch a Robert Reiff gutt geheescht. Am Comité war d’Plaz vum Vizepresident fräi an den eenzege Kandidat Stéphane Gaspar gouf per Akklamatioun an de Comité gewielt. De Comité setzt sech lo zesummen aus President Christian Kröger, Vizepresident Stéphane Gaspar, Sekretär Guy Tholl, Caissier Edin Marusic, Jugendbeoptragten Lyn Stangé, Vertrieder vum CIS Etienne Vrolijk a Gilles Sauber als Member.

De Constant Schwartz, President vum Regionalcomité Osten, huet dem CIS an der Amicale Pompjeeë Beefort fir de rouegen a respektvolle Verlaf vum Owend felicitéiert. An dësem Joer ginn et eng Rei Manifestatiounen am Osten an dowéinst wier et gutt wann déi Beeforter eng grouss Presenz géife weisen. Vu que, datt de CGDIS eng Zort Staatsbetrib ass, deen d’Sécherheet garantéiert, ass et eng staark Amicale besonnesch wichteg. An den nächste Jore wäert et duerch Altersgrënn zu verschidde Personalännerunge kommen an elo sollte sech nei a kompetent Leit an déi verschidde Gremien melle fir een Iwwergank ze hunn. Besonnesch erwäänt huet hien déi aussergewéinlech Spent vu 4.500 Euro an eng gutt Jugendaarbecht ass wichteg fir d’Zukunft.

Ofschléissend huet de Buergermeeschter Camille Hoffmann de Pompjeeë fir hiren Asaz ronderëm d’Auer Merci gesot. Besonnesch frou ass hien iwwert d’Amicale, déi d’Aktivitéite vun de fréiere Pompjeeën iwwerholl huet an doduercher déi laang Traditiounen net verluer gaange sinn.