Eng nei Ekipp um Rudder

De Beeforter “Club Hippique” huet sech nei opgestallt a gëtt vun enger neier Ekipp gefouert. Presidentin ass d’Sandy Winandy, Marco Ulrich Vizepresident, Carine Frieseisen Sekretärin, Kim Ries Trésorière an Thomas Goldschmidt Member. No der Begréissung an der Virstellung vum neie Comité gouf ee Réckbléck op d’lescht Joer gemeet.

Wéinst der Situatioun konnt een op dem sportleche Gebitt keng eegen Aktivitéite verzeechnen, sou de Marco Ulrich an huet gläichzäiteg ergänzt, datt een hannert de Kulisse geschafft huet fir de richtege Wee ze fannen. Ee wichtege Baustee vum Veräin sinn d’Statuten. Si goufen der aktueller Zäit ugepasst an an der Generalversammlung gestëmmt. Déi fréier Statuten datéiere vum Abrëll 1977. Nodeems de Keesebericht ugeholl a vun de Keeserevisoren guttgeheescht gouf, krut de Comité Entlaaschtung vun der Versammlung.

Zu de geplangten Aktivitéiten an der kommender Saison gehéieren de Weekend vum 15. a 16. Abrëll een Dressurturnéier an am Hierscht ee Sprangturnéier. Des Weidere gëtt un engem neien Internetoptrëtt geschafft. Zum Ofschloss vun der Generalversammlung koum de fréiere Comité zu Éieren an erfollegräich Reiderinnen a Reider:  Jutta Bales, Gianni Alexandra Gianni, Alexandrine Hansen, Muriel Pletschette, Kim Ries, Marco Ulrich an Nicoletta Wenzel.