Wikingerschach den 3. Juni

D’Beeforter Theaterfrënn hunn am Kummelsbau de Bilan vun hirer vergaangener Saison gezunn. No enger kuerzer Begréissung huet d’Sekretärin Rieneke Cruchten d’Aktivitéite virgestallt. Dozou zielen d’Präsenzen um Duerf- a Wantermaart am Juli an November. Den Héichpunkt war d’Opféierung vum Stéck “In flagranti dilettanti” am Oktober. 25 Prouwe waren heifir néideg a wärend den dräi Opféierunge konnten am Ganzen 320 Entréeë gezielt ginn.

D’Theaterfrënn feieren dëst Joer hir 25 Joer an aus dem Gronn gouf een Organisatiounscomité op d’Been gestallt. D’Aktivitéite stinn och schonns fest. Den 3. Juni ass ab 11 Auer beim Kiosk een Tournéier am Wikingerschach. Wikingerschach huet allerdéngs näischt mam klassesche Schachspill ze dinn an hei ënnendrënner ginn an engem Video d’Spill an d’Reegelen erkläert:

Des Weidere fënnt den 29. Juli ee spueneschen Owend statt an am Oktober gëtt rëm Theater gespillt. Aner Aktivitéite si schonns eriwwer ewéi zum Beispill Stand-up-Comedy am “Flying Dutchman” oder Deelhuelen un engem Krimi-Dinner zu Veinen.

De Comité huet sech siwe Mol getraff an et goufen zwou Mitgliederversammlungen ofgehal. De Finanzbericht, dee vum Claudine Gremling virgedroen an ee Boni virweise kann, gouf op Virschlag vun de Keesserevisoren Quentin Fontaine an Tom Cruchten ugeholl.

Zum Schluss vun der Generalversammlung huet de Buergermeeschter Camille Hoffmann den Theaterfrënn Merci gesot fir d’Aktivitéiten a proposéiert fir eng Kéier fir d’Senioren aus der Géigend ze spillen. Ofschléissend war d’Beliichtung een Thema an een deementspriechenden Devis wäert an enger Réunioun mam Schäfferot diskutéiert ginn.

De Comité setzt sech zesummen aus Patrick Goetzinger (President), Rieneke Cruchten (Sekretärin), Claudine Gremling (Trésorière) an de Memberen Dario Ballanti, Sonja Goetzinger-Switala, Léonie Switala a Marie Neves.