Iwwerleeungen zu enger méiglecher Fusioun

Zanter néng Joer sangen d’Choralle Sainte Cécile Beefort a Sang mat Waldbëlleg/Haler zesummen an den zwou Gemengen. Op der Generalversammlung an der Maison Theis goufe sech no de Berichter Gedanken iwwert eng méiglech Fusioun gemeet.

No der Begréissung duerch d’Presidentin Danielle Baden-Lobitz an enger Gedenkminutt fir déi verstuerwe Memberen huet d’Sekretärin Eliane Donven-Seiwert de gemeinsamen Tätegkeetsbericht virgedroen. Nom Neijoschpatt hei zu Beefort war am Mäerz dat traditionellt Buergbrennen zu Waldbëlleg an op Bretzelssonndeg hunn d’Dammen aus dem Gesangsveräin eng Bretzel vun den Hären iwwerreecht kritt. Zum Ofschloss vun de verschidde Massen iwwer d’Ouschterdeeg huet een e puer gemittlech Stonnen beim “Gudde Kascht” verbruecht an d’Dammen hunn den Hären een Ouschteree iwwerreecht.

Sou richteg ënner Drock koumen d’Sängerinnen a Sänger um Virowend um Nationalfeierdag. Fir d’éischt hu se um 17.30 Auer zu Beefort den Te Deum gesongen an duerno um 19 Auer nach eng Kéier zu Waldbëlleg. Nom Waldbëlleger Duerffest huet ee sech zesummefonnt fir d’Saison ofzeschléissen an Enn August gouf zesumme mat “Jonk an Al” eng Rees an de Schwarzwald gemeet.

No der Rentrée haten d’Leit beim “Great and Meet” d’Méiglechkeet Asiicht an d’Veräinsliewen ze kréien an am Oktober huet “Sang mat Waldbëlleg/Haler” op ee Concert vu “Voice Emotion” an d’Kierch agelueden. Mat enger feierlecher Mass an der Kierch zu Beefort gouf den Cäciliendag gefeiert. Eng Partie vun de Sängerinnen a Sänger, awer och den Dirigent, si geéiert gi mat enger Medail vum Piusverband fir hir trei Déngschter bei Sang mat Waldbëlleg/Haler: Claude Schmit an Yolande Berend fir 30 Joer, Hanni Mathes an Truus Bos fir 40 Joer an Marianne Ewers-Bartimes fir 50 Joer. An der Brasserie “Beim Adelheid” hunn déi zwou Chorale den Dag ausklénge gelooss.

Och dëst Joer huet Sang mat Waldbëlleg/Haler, an enger zweeter Sessioun, d’Leit aus der Waldbëlleger Gemeng opgeruff un den Adventsfënsteren deelzehuelen. D’Interessenten haten d’Wiel tëschen enger aktiver oder enger passiver Adventsfënster. Bei enger aktiver Fënster konnten d’Leit net nëmmen déi schéi Fënsterdeko bewonneren awer si sinn och nach op der Plaz mat engem klenge Maufel a Patt verwinnt ginn. Dëst Joer waren zwielef aktiv an zwielef passiv Fënsteren dobäi.

D’Beeforter Chorale war dëst Joer um Beefort Wantermaart vertrueden an huet ee waarme Grog mat Cassis, eng Kippchen an ee waarme Schocki  ugebueden. Den 18. Dezember gouf ee klenge Chrëschtconcert fir d’Beeforter Senioren gesongen an de 24. Dezember hu si owes d’Chrëschtmetten zu Waldbëlleg gesongen.

Déi zwou Chorallen waren ënner anerem bei de Sonndes- a Feierdeegmassen, bei de Gottesdéngschter, de Kommiounen, de Kiermesmassen an de Gedenkfeieren am Asaz a bei zwielef Doudesmasse ware si och present. Net ze vergiessen déi sëllege Prouwe vun all Donneschden zu Beefort. Ofschléissend gouf den zwee Organisten, Jean Schiltz an Henry Wickens, een décke Merci gesot, datt si d’Chorallen ëmmer op der Uergel begleeden an och dem Dirigent Claude Schmit.

Nodeems d’Keesseberichter vum Nicole Thielen-Seiwert a Louis Boonen op Virschlag vun de Revisoren Martine De Nutte-Hansen a Marie-Anne Weydert gutt geheescht goufen, stoung d’Zukunft vun den zwou Chorallen als nächste Punkt op der Dagesuerdnung. Wéi schonns uganks erwäänt Joer sangen d’Chorale Sainte Cécile Beefort a Sang mat Waldbëlleg/Haler zanter néng Joer an den zwou Gemengen zesummen. D’Chorale vu Waldbëlleg an Haler hu schonns 2003 fusionéiert.

Eng Fusioun ass mat Emotioune verbonnen an doduercher net sou einfach. Besonnesch bei engem klenge Veräin hätt een iergendwéi d’Gefill, datt ee géif vun engem gréissere Veräin “geschléckt” ginn. D’Beeforter Chorale zielt fënnef aktiv Memberen an d’Chorale Sang mat Waldbëlleg/Haler 15 aktiv Memberen. Déi Angscht bräichten d’Beeforter net ze hunn soten d’Membere vu Waldbëlleg/Haler well ee schonns souwisou bal wéi ee gemeinsame Veräin aktiv ass. Des Weideren hunn d’Gemengevertrieder vun den zwou Gemengen, de Buergermeeschter Camille Hoffmann an de Rot Mike Michels, enger méiglecher Fusioun hir Ënnerstëtzung a weiderhi Subsiden an Zukunft zougesot.

De Paschtouer Carlo Morbach huet de klenge Grupp fir seng grouss Performance gelueft an ass frou, datt d’Chorale dëst Joer rëm an der Oktave sangen. Gläichzäiteg huet hien drop higewisen, datt an Zukunft onofhängeg vun der Fusioun weider Changementer wäerte kommen. Des Weideren huet hie sech eng besser Ofstëmmung gewënscht an dat besonnesch, well déi zwou Chorallen a verschiddene Parregiounen agedeelt sinn. Deene Wieder huet sech de Paschtouer Robert Kuzwela Mulanda ugeschloss.

D’Generalversammlung gouf bei engem gudde Maufel a Patt ofgeschloss.