Eng Rees an d’Automobilsgeschicht

An engem Zäitalter an dem d’Elektromobilitéit an den ëffentlechen Transport ëmmer méi Gewiicht kréien an dobäi de ländleche Raum mat senge spezifeschen Uspréch reegelméisseg “vergiess” gëtt war de Passage vun der éischter Editioun vun der Oldtimer-Rallye “Luxembourg Classic” eng Rees an d’Vergaangenheet. Bei enger Classic-Rallye geet et net dorëm wien als éischten iwwert d’Ziel fiert. Jiddereen huet fir säi Gefier eng Zäit, déi och agehale muss ginn. Ass een ze fréi oder ze spéit ginn et Strofpunkten.

Déi éischt Rallye “Luxembourg Classic”, déi am Kader vum 75. Anniversaire vum Verlag “Motor Presse Stuttgart” an hirer Zäitschrëft “auto motor sport” organiséiert gouf, stoung ënnert dem Motto “Das Herz Europas erfahren!”. Nieft engem Gesamtgewënner gouf och all Gewënner vun den eenzele Klassen ausgezeechent. An der Klass 1 fueren Autoen bis d’Baujoer 1930, Klass 2 (vun 1931 bis 1946), Klass 3 (vun 1947 bis 1961), Klass 4 (vun 1962 bis 1969), Klass 5 (vun 1970 bis 1976) an an der Klass 6 vun 1977 bis 2001. Am Nenngeld vun 1.390 Euro si Rallye-Ënnerlage fir de Chauffer a Bäifuerer (Roadbook, Bordkaarten, Reglement, Startnummereset), d’Teilnehmerausstattung, Service a Betreiung duerch d’Organisatiounsteam, zwee Mëtteg- an zwee Owesiessen, Gedrénks an Uebst abegraff. Den Auto, Benzin an d’Iwwernuechtung si selbstverständlech supplément.    

Nom Départ vun der éischter Etapp iwwer 254 Kilometer um 9 Auer beim Sofitel um Kierchbierg goung et ënner anerem duerch de Réidener Kanton Richtung Nordspëtzt. Nom Mëttegiessen déi iwwer 100 Old- an Youngtimer duerch d’Clierfer gefuer an nieft Veianen stoung Beefort um Programm. Um Parking virun der Buerg gouf et Durchfahrtskontrolle bei där ee Stempel an d’Bordkaart agedroe gouf. Et wor schonns ee besonnesche Moment wann e Freideg kuerz op 15 Auer den éischten Auto zu Beefort ukomm ass: ee Bugatti 35 Grandprix de Lyon aus dem Joer 1924 mam Goy a Françoise Feltes. Déi 2.0 Liter an aacht Zylinder bréngen eng Leeschtung vu 96 PS. Beim Départ vun dësem a weideren Oldtimer konnt een de “Benzin” respektiv d’Ofgase ganz gutt richen a sech un “déi gutt al Zäit” erënneren.

E puer Zuschauer hunn ongedëlleg op den Auto mat der Startnummer 60 gewaart. Hannert dësem Steierrad souz de véierfache Monte-Carlo-Gewënner an zweefache Weltmeeschter Walter Röhrl an nieft him säi laangjärege Bäifuerer Christian Geistdörfer. Si zwee waren déi eenzeg, déi aus dem Auto geklomme sinn an Autogramme geschriwwen hunn oder fir ee Selfie parat stoungen. Ënnerwee ware si mat engem Porsche 911 Carrera 3.2 Coupé Clubsport, dee vun 1987 un nëmmen 187 Mol gebaut gouf. Si zwee a sämtlech aner Equipage krute vun der Coordinatrice vun de Beeforter Schlässer, Désirée Dall’Agnol, eng kleng Erënnerung un de Passage zu Beefort iwwerreecht: eng kleng Fläsch Cassis mat Informatiounsmaterial vum Schlass.

No Beefort goung et zréck an den Hotel op de Kierchbierg. Um zweeten a leschten Deel vun der Rallye stoung op der 203 Kilometer laanger Streck d’Teststreck zu Colmer-Bierg an d’Muselgéigend um Programm. Ofgeschloss gouf de Rallye mat engem Defilé virum Palais. Zum Ofschloss eng grouss Fotosgalerie vum Passage vun de “Luxembourg Classic” zu Beefort.