Ofschloss vum Theaterfestival

D’Stéck “Le rire est avenir” huet um Schlass de Schlusspunkt vum dësjähregen Theaterfestival gemeet. “Le rire est Avenir” ass eng artistesch multidisziplinär Kreatioun vum Saif Eddine Settif ënnert der choreografescher Leedung vum Claudia Urhausen.

De Spektakel vum “Service Jeunesse Esch” a Koproduktioun mam Escher Theater behandelt aktuell Themen ewéi zum Beispill de Krich, Krankheeten, d’Gesellschaft an d’Technologie. Wärend knapp zwou Stonnen hunn déi jonk Artisten am Faarwespill vun de Luuchten an enger eemoleger Ambiance an de Buergruinen déi sëlleg Zeene presentéiert. Theater, Humor, Danz, Musek waren an dësem tragikomesche Geescht vun der Opféierung vermëscht an hunn de jeeweilege Zeenen den néidege Pefferkär ginn, déi een zum Iwwerleeë bruecht huet. Awer nëmme vu kuerzer Dauer well schonns déi nächst Optrëtter um Programm stoungen. Obwuel et wärend dem Owend kuerz gereent hat, huet kee vun den Zuschauer dësen Open-Air-Spektakel verlooss.

Dës drëtt Editioun vum Beeforter Theaterfestival stellt déi viregt Editiounen an de Schied wat d’Zuel vun de Spectateure betrëfft an et bleift ënner anerem d’Erkenntnis, datt de Festival vun engem Fachpublikum besicht gouf. Et dierft ee lo schonns op déi nächst Editioun gespaant sinn a wéi ee Programm den Eric Feront mat senger Ekipp op d’Bee stellt.