E puer lëschteg Stonnen

Op Invitatioun vum Fanblock “Beaufort Knights” koumen d’Déckkäpp an de Kummelsbau zu Beefort an hu fir e puer lëschteg Stonne gesuergt. Verantwortlech fir d’Strapazéiere vun de Laachmuskele waren d’Simone Schroeder, Sheila Krummes, Änder Weber, Pier Berger, Nico Lessyn, René Huss, Jos Minnemeister a Germain Kirsch. Duerch de Programm huet de Claude Frankard gefouert wärend den Orchester Häemelmaous mam Romain Thielen a Claude Juchem fir de musikaleschen Encadrement gesuergt huet. D’Zuschauer konnte sech iwweregens tëschenduerch mat engem Bauerenteller stäerken.