Typesch britescht Wieder fir eng Tragödie
Léift an Haass, Jalousie an Intrigen, Friemenhaass a Gewaltdoten. All dës Theme ginn am Stéck “Othello, the Moor of Venice” vum William Shakespeare behandelt. D’Wierk vum Dramatiker a Lyriker gouf 1603 oder 1604 (jee no Quellenangab) geschriwwen an déi fréistens dokumentéiert Opféierung datéiert op den 1. November 1604 am grousse Festsall vun der kinneklecher Residenz zu Whitehall (London).
Den “American Drama Group Europe” ass op Invitatioun vun de Beeforter Schlassfrënn am Kader vun hirer Europatournee “Castle Tour 2020 – Othello” de leschte Méindegowend am Bannenhaff vum Renaissance-Schlass opgetrueden. Am Virfeld huet et gutt ausgesinn, datt et ee flotten an agréabelen Hierschtowend kéint gi mee d’Wieder huet ee Stréch duerch d’Rechnung gemeet. Nom Spréchwuert “Et gëtt kee schlecht Wieder, et gëtt nëmme falsch Kleedung” hunn trotzdem eng Rei Leit de Wee op Beefort fonnt.
An der Entrée krut all Spectateur gratis een Ierzebulli ugebuede fir sech ze wiermen. De Schauspiller Joseph Black (Othello), Charlotte Cracknell (Desdemona), David Chittenden (Iago), Dan Cavendish (Roderigo), Dan Wilder (Cassio) a Katherine Lunney (Emilia) muss een einfach félicitéieren a bewonneren ënnert dëse Wiederconditiounen gespillt ze hunn. Et huet nët nëmme gereent mee deen Owend war et och relativ kal a fiicht. D’Wierk gouf an der Originalsprooch vum Auteur opgefouert an zwar op englesch. Hätt een ufanks gemengt et géif een nët vill verstoen, dee gouf vun engem Bessere beléiert. Sämtlech Sätz a Wieder si ganz kloer an däitlech eriwwer komm. D’Acteuren hu guer nët séier geschwat oder Wieder geschléckt mee schéi propper. All dës Elementer hunn hiren Deel zu engem onvergiesslechen Owend bäigedroen.
Op jidder Fall huet et souwuel den Organisateuren an de Zuschauer gutt gedoen, datt ee Spektakel konnt iwwert d’Bühn goen an dat wann ee bedenkt wat fir ee flotte Programm dëse Summer virgesi war.