“Happy Birthday”

De 4. November hunn d’Beeforter Senioren am Hotel Meyer hiren “Happy Birthday 2020” gefeiert. Et war zënter dem 26. Februar, wou si hiert Hierkefest gefeiert hunn, dat éischten Treffen wat se erëm konnte veranstalten. Di grouss Coronavirus-Pandemie hat wéi och all deenen anere Veräiner den Joresprogramm op d’Kopp geheit. Sou hu si vum “Happy Birthday” profitéiert fir de Memberen e bësschen ze entschiedegen fir all di verpasste Begéinungen, déi een dëst Joer net konnt organiséieren.

No der Begréissung vun de Memberen duerch Presidentin Lou Brandenburger, huet och de Buergermeeschter Camille Hoffmann e puer Wuert un d’Leit geriicht fir hinnen di aktuell Konditiounen e bësschen ze erläuteren. No enger Gedenkminutt un d’verstuerwe Memberen gouf e kuerze Bléck op d’Finanze geriicht, wou wéi ëmmer eng gesond Situatioun besteet. D’Keeserevisore Karin Paludo a Lee Krylov hunn d’Buchführung vum Joer 2019 guttgeheescht. Duerch en Applaus vun den Uwiesende gouf dem Comité Entlaaschtung confirméiert. D’Keeserevisoren hu wéi all Joer e klenge Cadeau iwwerreecht kritt an zwar vum Angie Mehlen a Léonie Switala. 

Fir d’Mammen an d’Pappen stoung eng Fläsch Schampes bereet an am Anbetracht vun der dësjäereger Situatioun jiddwerengem, den do war (38 Persounen insgesamt), krut eng Fläsch iwwerreecht. Dat hunn d’Marie-Thérèse an den Änder Drouet mat vill Freed erleedegt. D’Jubilare mat engem ronne Gebuertsdag ab 75 Joer krute wie all Joer eng schéin Corbeille. De Camille Hoffmann huet de Jubilaren um Mikro gratuléiert an de Pier Mehlen huet de Cadeau bei di jeeweileg Persoun un hiren Dësch gedroen. Zesumme gouf duerno e kräftegen “Happy Birthday” gesongen. Un di eelsten Teilnehmer vum Fest, Cecile Wilwert an Nikki Palz, gouf och geduecht a si kruten e klenge Cadeau, de vill Freed gemaach huet. 

Wie gewinnt huet den Hotel Meyer ee gudde Menü zerwéiert a jiddereen huet sech dee gutt schmaache gelooss. De gesamte Comité vun de Beeforter Senioren huet alle Memberen eng gutt Gesondheet gewënscht mat der Hoffnung, datt d’Feier vum 4. November zwar di lëscht an dësem Joer ass, awer bei wäitem net di lescht wäert bleiwen, di si nach zesumme  kënne feieren.

D’Jubilaren: Marie-Thérèse Tholl Evers (80 Joer), Georgette Arent (80 Joer), Catherine Diederich-Muller (80 Joer), Léonie Schmitz (90 Joer),  Albert Hari (80 Joer an de Comité-Partner Camille Brandenburger (80 Joer).