Zweeten Theaterfestival zu Beefort

Virun zwee Joer huet den Eric Feront de “Festival de théâtre à Beaufort” an d’Liewe geruff. De leschte Freideg a Samschdeg goung déi zweet Editioun am Kummelsbau iwwert d’Bühn.

Um Programm stoung den éischten Dag d’Stéck “Jean et Béatrice” vum Carole Fréchette a gespillt gouf et vum Tiphanie Devezin an Timo Schreckenberg während de Jean Beurlet et an d’Zeen gesat huet. Während Tiphanie Devezin relativ spéit décidéiert huet fir Theater ze spillen huet den Timo Schreckenberg, deen aus enger Theaterfamill staamt, sech schwéier gedoe fir de professionelle Wee anzeschloen. Zanter dësem Joer besicht hien de “Cours Florent” zu Bréissel.

Viru véier Joer hu sech déi zwee Acteure beim Stéck “Cet enfant”, ee Projet vum Staater Conservatoire”, am “Théâtre du Centaure” déi éischte Kéier begéint an d’lescht Joer hu si sech décidéiert fir an Zukunft gemeinsam Projeten ze maache fir der Theaterzeen erhalen ze bleiwen.  

Dat dach komplext an däischtert Stéck aus dem Joer 2002 huet vu senger Aktualitéit guer näischt agebéisst, ganz am Géigendeel. Béatrice ass op der Sich no der grousser Léift, déi si aus der Einsamkeet, während de Jean een erfuerene Jeeër op Primen ass. Vum attraktiven Haaptpräis gelackelt stellt hie sech der Erausfuerderung déi vum Béatrice gestallten Épreuven ze meeschteren. De Mann misst hatt interesséieren, ergräifen a verféieren. Während de verschidde Prüfungen am Béatrice senger Wunneng stellt hatt ëmmer méi héich Fuerderungen. Et kënnt zu positiven Emotiounen an awer och zu Spannunge bis hatt es genuch huet an allebéid aspäert an de Schlëssel aus dem 33. Stack erausgeheit.

D’Fro iwwert wat bedeit ee gären hunn zitt sech ewéi ee roude Fuedem duerch d’Stéck a besonnesch den Deel wou se allebéid alleng an der Wunneng agespaart sinn erënnert ferm un d’Situatioun an den Alldag mat sengen Héichten an Déiften, déi mer am Fréijoer haten an nach ëmmer nët ganz eraus sinn. D’Äntwert drop léisst sech ënnerschiddlech interpretéieren an all Spectateur dierft eng aner Schlussfolgerung zéien. Eestëmmeg ware se awer bei der Glanzleeschtung op der Bühn vum Tiphanie Devezin an Timo Schreckenberg. Den héijen Niveau vum Schauspill an déi exzellent Textsécherheet. Och wann d’Stéck an der Originalversioun op franséisch gespillt gouf an net sattelfest an där Sprooch ass, et war guer kee Problem d’Sprooch an d’Handlungen ze verstoen.

“G.I.P.L.” géint “All Stars” sollt et ursprénglech heeschen. Zwou Ekippen hätte sollen een theatraleschen an improviséierte Mätsch spillen mee wéinst der geréngerter Zuel vun de Spectateuren huet de “Groupement des improvisateurs professionnels du Luxembourg” säi Programm geännert. Dräi Acteuren, de Loïc Fieffé, Gérôme Granfond an de Bertrand Moupfouma, hunn op déi vum Publikum proposéierten Themen kuerz Stécker improviséiert. Dat Ganzt ouni Dréibuch an ouni sech virdrun ofgeschwat ze hunn. Dobäi stoung all Kéiers d’Koméidi am Mëttelpunkt a bei sëllechen eegewëllegen Interpretatioune goufen d’Laachmuskele méi wéi eng Kéier strapazéiert. Leider waren net vill Leit am Publikum an esou war et onméiglech eng an engem Improvisatiounstheater gewinnte Stëmmung ze produzéieren. Zemools bei sou Virstellungen ass d’Zësummespill tëschen dem Publikum an den Acteuren op der Bühn vu wesentlecher Bedeitung a Wichtegkeet. Trotzdem sinn déi puer Leit bei dësem verkierzten an improviséierte Programm ganz op hir Käschte komm. Um Sonndeg stoungen nomëttes “Des gens biens” an owes “Surprise Party” um Programm mee déi Virféierunge sinn ausgefall. Sécherlech dréit d’aktuell Situatioun dozou bäi, datt ee sech nët méi traut fir ënner d’Leit ze goen an trotz deenen am Virfeld geholle Mesure hätt sou eng Qualitéit vum Theaterfestival méi Leit verdéngt. Hoffentlech wäert déi nächst Editioun méi Zuschauer unzéien.