Een Dag zu Stroossbuerg

Déi berodend Kommissioun vun der Integratioun vun der Gemeng Beefort huet gëschter Dënschdeg een Dagesaufluch op Stroossbuerg organiséiert. Um Programm stoungen d’Visite vum Europaparlament an de Chrëschtmaart.

Kuerz viru Mëtteg sinn déi insgesamt 41 Beeforter zu Stroossbuerg ukomm. Ursprénglech war d’Visite vun den Tribünen (Hémicycle) virgesinn. Wéinst enger Sëtzung gouf dës ofgesot mais dofir konnt een erliewen ewéi d’Europadeputéiert debattéiert an ofgestëmmt hunn. Eng kleng positiv Iwwerraschung also.

Uschléissend ass et op de Kascht gaangen an hei konnt den Europadeputéierten Charles Goerens d’Gäscht vu Beefort empfänken. Nom Iessen ass et ee bëssi eescht ginn an de Charles Goerens huet eng Konferenz gehal. D’Schwéierpunkte waren ënner anerem d’Klima an Ëmwelt an och de Brexit. Als Merci fir d’Organisatioun an d’Iessen huet d’Presidentin vun der Integratiounskommissioun Marie-Ange Marson dem Charles Goerens ee klenge Kado mat regionale Produkte vun hei iwwerreecht.

No der traditioneller Gruppefoto goung et weider op der Chrëschtmaart, deen net fir näischt zu de schéinste Chrëschtmaarten an Europa zielt.

Default Gallery Type Template

This is the default gallery type template, located in:
/home/www/web3761/web3761u1/html/wp-content/plugins/nextgen-gallery/products/photocrati_nextgen/modules/nextgen_gallery_display/templates/index.php.

If you're seeing this, it's because the gallery type you selected has not provided a template of it's own.