Christmas with Elvis and Whitney

Op Invitatioun vun der Gemeng Beefort an der Kulturkommissioun gouf et de leschte Samschdeg ee Concert “Christmas with Elvis and Whitney” an der Porkierch zu Beefort. Hannert den Nimm Elvis a Whitney stinn de Steven Pitman a Beverly Savarin.

De Steven Pitman ass keen Onbekannten hei zu Lëtzebuerg. Mat iwwer 100 Shows pro Joer gehéiert hien zu deenen am meeschte gefrotene Elvis-Tribute-Kënschtler an Europa. Bei den “European Elvis Championships”, déi all Joer zu Birmingham ausgedroe ginn, konnt de Steven Pitman an de Joren 2012, 2013 a 2014 all Kéiers d’Final (Top 20) erreechen. Bei der véierter Final am Joer 2015 huet et schliisslech geklappt an direkt zwee Concourse gewonn. Hien ass den “European Elvis Champion” an de “Gospel Champion”.

Chrëscht- a Gospellidder vum Elvis Presley a Whitney Houston stoungen deen Owend um Programm an hunn der Chrëschtzäit de passende Flair vermëttelt. Vill Leit ware vum Optrëtt vum Beverly Savarin iwwerrascht. Zu London op d’Welt komm, an der Karibik opgewuess an an Amerika d’Stëmm vereedelt. Sou kann en déi charmant Sängerin zesummefaassen, dat a fënnef Oktave sange kann. Mat hirer Show “Just Whitney” gehéiert d’Beverly Savarin zu den “One of the UK’s top Whitney Houston tribute shows”.

De fantasteschen Applaus zum Schluss vum Concert huet bestätegt, datt op der Bühn zwee grouss Museker opgetruede sinn.  

Default Gallery Type Template

This is the default gallery type template, located in:
/home/www/web3761/web3761u1/html/wp-content/plugins/nextgen-gallery/products/photocrati_nextgen/modules/nextgen_gallery_display/templates/index.php.

If you're seeing this, it's because the gallery type you selected has not provided a template of it's own.