Ee spannend Tournéier

De leschte Samschdeg a Sonndeg stoung am Beeforter Centre équestre international Dressurreiden am Mëttelpunkt. Ermëttelt goufen d’Gewënner am “International Cup” an an der “Coupe de Luxembourg” an d’Zuschauer konnten e Sonndeg eng spannend Final materliewen. Bis zum Schluss wosst een net wien elo schliisslech op dem ieweschten Träppche géif stoen an d’Freed war ëmsou méi grouss, wann déi béid Titelen zu Beefort bliwwe sinn.

Beim “International Cup” koum d’Terhi Stegars mam Thai Pee an 175,776 Punkten op déi éischt Plaz. Ganz knapp derhannert, mat 175,553 Punkten, koum de Sascha Schulz mam Dragao op déi zweete Plaz an déi drëtt Plaz gouf vum Christian Reisch mam Lord Münks beluecht. Terhi Stegars huet domadder fir déi sechste Kéier den “International Cup” gewonn.

Méi kloer war et dunn an der “Coupe de Luxembourg”. Hei gewënnt de Marco Ulrich mam Dumbledore (172,495 Punkten) viru Lisa Arendt mam Fürstengruß (168,213 Punkte) virun Terhi Stegars mam Findus (165,669 Punkten).

Sonndegmoien gouf ënner anerem de “Prix de la commune de Beaufort” (Dressurprüfung Kl. L**) ausgedroen an hei plazéiert sech d’Minna Uronen vum “Club Hippique Beaufort” op déi zweete Plaz hannert d’Claudia Kruse a Jamie-Lee Lange (alle béid vun de “Cavaliers Réunis Luxembourg”).