Nei Leit gi weider gesicht

Uganks dës Joer koum d’Nouvelle, datt eng Rei Leit aus dem Comité géifen an der nächster Generalversammlung ophalen an esou d’Organisatioun vum Schlassfest net séchergestallt wier. An der Generalversammlung, déi relativ ganz kuerz war, koum dunn d’Bestätegung, datt lo am Juli fir d’éischte Kéier zanter 1980 kee Schlassfest wäert stattfannen.

Et gëtt ëmmer méi schwéier fir Leit ze fannen, déi bereet sinn, dat Ganzt op d’Been ze stellen. Et däerf een net vergiessen, datt et ee groussen Opwand ass d’Fest ze organiséieren, souwuel laang am Virfeld mam Plangen an och déi Deeg selwer fir op- an ofzeriichten.  Op den Opruff virun zwee Méint fir nei Leit an de Comité ze kréien huet sech kee gemellt.

Ronn 28.000 Euro sinn aktuell an der Keess a bis zum Enn vum Joer wëll een 20.000 Euro fir ee gudden Zweck spenden. De Rescht steet der neier Ekipp zur Verfügung. Weider Informatioune iwwert d’Amicale ginn et ënnert der E-Mail-Adress amicalebeefort@gmail.com, op hirem eegenem Internetsite . Zum Schluss nach ee Video mat der Geschicht vum Schlassfest.