Feierlechkeeten den 8. November

Mat enger Gedenkminutt un de Will Ludewig huet d’Generalversammlung vum Syndicat d’initiative et du tourisme (SITB) ugefaangen an no der Begréissung gouf den Tätegkeetsbericht virgedroen. De Comité huet sech siwe Mol gesinn an de Comité restreint 17 Mol. Vertrieder vum Syndicat woren op de verschiddene Generalversammlunge vertrueden an hu sech och u Seminaire a Workshops bedeelegt.

Am Laf vum Joer gouf et zwee manner schéi Momenter: De 6. Mee gouf agebrach an am Juni hunn d’Iwwerschwemmunge fir ee grousse Schued un de Wanderweeër gesuergt a betraff waren néng vun 13 Strecken. Positiv an Erënnerung si bliwwen déi komplett Renovatioun vum Bloc sanitaire 1 mat enger Salle de séjour, dat neit Tipiduerf mat dräi kleng a véier grouss Tipien an d’Visite vum Gemengerot. Beandrockend wor zudeem d’“Dinner on Ice” vun de “Sources Rosport”. Zu de weideren Aktivitéite gehéieren d’Grouss Botz mat bal 60 Leit, de Blummemaart, de Rassemblement des Beaufort, den Agility-Tournéier, ee Point presse mat der Staatssekretärin Francine Closener, de Responsabele vun der Police-Schoul an der Administration de la nature et des forêts (Police-Schüler hunn de Wee laanscht d’Halerbaach rëm opgebaut), d’Indianerfest am Tipiduerf, de Summermaart, de klenge Kiermesmaart, d’Ice-Skating-Show vu Metz an den Ofschloss vun de Schlittschongcoursen mat 109 Participanten.

D’Investitioune sinn och dëst Joer weider gaangen. An der Schwämm goufen nei Pompelen, nei Filteren an eng nei Statioun fir Analysen an d’Doséierung vum Chlor installéiert an den Iwwerlafkanal a Stand gesat. Um Camping goufen d’Beem geschnidden (zweet Phase), d’Weeër amenagéiert, nei elektresch Schief installéiert an d’Entrée vum Camping mat neie Blumme verschéinert. Och dëst Joer goufe rëm nei Schlittschong kaaft. Ee VW Caddy, ee klenge multifunktionelle Trakter, eng Méimaschinn an een Ausa Unimog goufen ugeschaaft.

Finaliséiert gouf och de globale Projet “Patinoire Beaufort 6919” an d’Aarbechten hunn an der Tëschenzäit ugefaangen. Dëse Projet, deen a verschidde Phase soll realiséiert ginn, kascht ronn néng Milliounen Euro. Dozou zielen nei Vestiairen fir den Äishockey an den Icekarting, Vestiaire fir de Public, eng Keess mat Locatioun vu Schlittschong, eng Buvette, ee multifunktionelle Sall, Integratioun vum sanitäre Block fir de Camping an een Neibau fir d’Büroen fir de SITB, Receptioun fir de Camping, Informatiounsbüro an ee technescht Lokal.

Eng Präsenz op der Foire Top Kids, Flyeren an Annoncen gehéieren zu de Marketing-Aktivitéite vum SITB an am Kader vum Leader-Projet “Tourist Info 2.0” goufen nei Produiten entwéckelt.

De ganz gudde Summer spigelt sech an de Statistiken erëm. Sou goufen um Camping 6.144 Arrivéeë gezielt an och d’Zuel vun de Participanten ass ëm 62,06 Prozent an d’Luucht gaangen: vu 593 op 961. Fir déi zweete Kéier zanter dem Joer 2000 goufen iwwer 20.000 Entréeë gezielt an zwar 21.124. Bedéngt duerch eng méi kuerz Saison vun der Äispist goufen am Ganze 25.203 Entréeë gezielt. Ee Minus vun 3,13 Prozent.

Ënnert dem Stréch bleift um finanzielle Plang ee Boni vun 43.825,93 Euro. Dee setzt sech zesummen aus der Perte vun der Schwämm an Héicht vun 22.392,50 Euro, Äispist Perte vun 1.377,68 Euro, Camping Boni vun 111.203,06 Euro an Administration générale Perte vun 43.606,95 Euro.

Investitiounen 2019

Aktuell leeft déi éischt Phase vum Projet “Patinoire Beaufort 6919”, dee viraussiichtlech 1.964.980,82 Euro kascht. Dozou zielen d’Vestiairen a Raimlechkeete fir den Äishockey, Vestiaire fir den Icekarting, Schoulklassen a Gruppen a sanitäre Block Nummer 4 fir de Camping Plage. Um Camping ginn déi dräi Wanderhütten komplett renovéiert, et sinn nei Plantatioune virgesinn an déi Klassifikatioun vun de Campinger steet um Programm. Heifir si 45.000 Euro virgesinn. Ee gréissere Projet ass de sanitäre Block 2. De Reamenagement mat der Créatioun vu véier Gîtes wäerten 1.487.370,66 Euro kaschten.

Fir de Voile fir de Kannerbaséng, nei Clôturen, neien Drot an d’Installatioun vun enger Heizung sinn 68.000 Euro virgesinn a fir de komplette Reamenagement vun de Büroen mat neie Miwwelen nach eng Kéier 29.000 Euro. De Marketing huet ee Budget vun 20.000 Euro.

De Comité setzt sech aus folgende Leit zesummen: Françoise Bonert (Presidentin a Sekretärin), Camille Hoffmann (Keessier), René Champagne, Nancy Dupont-Courtois, Alphons Haaker, Jacqueline Kuijpers-Fisch, Jean-Paul Post, Jos Scholtes, Emile Wies (Memberen) a John Stirn (Vertrieder vun der Gemeng).   

Folgend Manifestatioune sinn 2019 geplangt:
– 30.03: Grouss Botz
– 11.05: Blummemaart
– 17.05: Grillparty um Camping
– 18.05: Ouverture vun der Piscine
– Juli/August: Concerten an Animatioun um Camping
– 25.07: Indianerfest am Tipiduerf
– 11.08: Summermaart
– 29.09: Kiermesmaart
– 26.10: Ouverture vun der Äispist.

E Freideg, den 8. November, ass d’50-Joer-Feier vun der Äispist an ee Festprogramm gëtt nach ausgeschafft.