De Mëllerdall op eng poetesch-verspillte Manéier beschriwwen

An enger Serie vun zwielef Texter, mat Fotoen illustréiert, beschreift den Daniel Heintz d’Regioun vum Mëllerdall op eng poetesch-verspillte Manéier. Do geet Rieds vun engem besonnesche Musée a vun enger apaarter Kënschtlerin, vun enger Seechen, vun der Wollefsschlucht, vun engem Gepoters, …

Een Exemplaire kascht zwielef Euro an et kritt een d’Buch a verschidde Bicherbutteker ze kafen. Et kann een och zwielef Euro op den CCPL-Kont LU33 1111 0863 0269 0000 vum Daniel Heintz iwwerweisen an da kritt een en Exemplaire mat der Post geschéckt an zwar un déi Adress, déi op der Iwwerweisung dropsteet.