NaturCoach-Léiergang ofgeschloss

De leschte Samschdeg gouf an engem klenge Kader an der Maison Relais de Léiergang NaturCoach ofgeschloss. De Zertifikatsléiergang huet 14 Seminardeeg mat 112 Unterrichtsstonnen an eng Projektaarbecht ëmfaasst. Dat Ganzt gouf vun der Kräuterakademie School of Herbalists – Gundermann-Naturerlebnisschule certifizéiert.

No 2017 ass et déi zweete Kéier, wou een NaturCoach-Léiergang hei zu Beefort organiséiert gouf. Een Zertifikat iwwerreecht krute Pascale Heuertz, Nathalie Goerens, Sabine Oppermann, Gudrun Zolitschka, Tamara Laterza, Marieke Kremers, Noémie Schintgen, Nathalie Siebenaller, Sabine Hiery, Joëlle Renoir, Mariette Koppes, Léa Kerger a Marie-Andrée Bertrang. 

Den NaturCoach ass een certifizéierte Partner fir Spillschoulen, Crèchen, Schoulen, Ganzdagsschoulen, Vakanzeprogrammen, Ariichtunge fir Weider- an Erwuessenebildung, Seniorenheimer a Fleegehaiser, Tourismus a weider Beräicher.

Vu Mäerz bis November d’nächst Joer ass rëm ee NaturCoach-Léiergang virgesinn a weider Informatioune ginn et bei der Gundermann-Naturerlebnisschule/Kräuterakademie resp. hei ass de Link zum Cours.