Héichwaasser um Grondhaff

Um Grondhaff gouf de gréisste Schued um Territoire vun der Beeforter Gemeng verzeechent a besonnesch uerg gouf de Camping „Um Grondhaff“ betraff. Mol keng 14 Deeg nom Feier koum d’Zerstéierung vum Héichwaasser bäi. Gëschter am Nomëtteg sinn de Premier Xavier Bettel an den Inneminister sech d’Schied um Camping an och an der Garage Konsbrück ukucke komm.

Zu Beefort selwer waren eng Rei Kelleren ënner Waasser ewéi zum Beispill am Restaurant „Douro“. D’Beeforter Pompjeeë ware vu kuerz no 3 Auer an der Nuecht de ganzen Dag am Asaz an hunn ë.a. hire Kollegen am Mëllerdall geholl.

D’Strooss tësche Beefort an Haler ass bis Weideres zou. Net nëmmen ee Bam ass gefall mais och d’Strooss ass komplett ënnerspullt ginn.

Moies gouf et nach zu Déiljen um Cloosbierg nach ee Rouerbroch ze reparéieren.