Avis favorable zum Quelleschutzgebitt Dillingen/Grundhof

Präsenzen (9/9): Camille Hoffmann (Buergermeeschter); Lily Scholtes an Emile Wies (Schäffen); Andreza Sanguessuga, Jean-Paul Stirn, Cindy Pereira, Jean-Luc Nosbusch, Marie-Ange Marson a Sandra Levy (Gemengeréit).

Georges Rischette (Gemengesekretär).

Punkt 1. Den 18. Mäerz 2018 stoung an der Press eng Annonce vun der Beeforter Gemeng, datt se een Ingenieur-Technicien siche géifen. Ënnert de Kandidate gouf de Marc Rodesch aus der Gemeng Bollendorf zréckbehalen an hie fänkt den 1. August 2018 mat schaffen.

Punkt 2. Den Total beleeft sech op 1.711.895,78 Euro. Déi gréissten Einname sinn d’Recettes du fonds de dotation globale des communes bréngen 1.334.204,26 Euro, de Subside vun der Annexe vun der Sportshal 286.000 Euro, de Ministade bei der Äispiste 21.929,82 Euro an de Remboursement vun der TVA 21.678,17 Euro an d’Gemengekeess.

Punkt 3. 65.835,65 Euro waren d’Leit der Gemeng schëlleg an d’Décharge belafe sech op 695,46 Euro esou datt elo nach 65.140,19 Euro anzedreiwe sinn.

Punkt 4. An der Sëtzung vum 31. Januar dëst Joer huet d’Gemeng zwee Leit agestallt, déi schonns an der Budgetssëtzung vum 13. Dezember 2017 gestëmmt goufen. Dat Ganzt gouf lo nach eng Kéier regulariséiert.

Punkt 5. Sou wéi d’Gesetz et virgesäit konnt ee während 30 Deeg an den Dossier vum “Avant-projet de règlement grand-ducal portant création des zones de protection autour des captages d’eau souterraine Grundhof, Cloosbierg 1, Cloosbierg 2, Cloosbierg 3, Dillingen 1, Dillingen 2, Dillingen 3, Dillingen 4, Dillingen 5, Dillingen 6 et Dillingen 7 situées sur les territoires des communes de Beaufort et Reisdorf” erakucken. Dat war vum 21. Mäerz un de Fall an et si keng Reklamatiounen erakomm. De Gemengerot huet eestëmmeg een Avis favorable zum zukënftege Règlement grand-ducal.

Punkt 6. 63 Stied a Gemengen, déi 70 Prozent vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung ausmaachen, hu sech der Kampagne “Gemeinsam gegen die Verschwendung von Lebensmitteln” ugeschloss. 1,3 Milliarden Tonnen Iesswuere gi pro Joer op der Welt ewechgeheit. Hei an Europa sinn et an der Moyenne 180 Kilogramm Liewensmëttel pro Joer a pro Awunner ewechgeheit obwuel een Drëttel nach gutt ass. Där Kampagne huet sech Beefort elo ugeschloss. Weider Informatioune ginn et ënner www.antigaspi.lu.

Punkt 7. D’regional Sozialamt huet d’Jennifer Schandler op den ausgeschriwwenen Hallef-Posten ernannt an déi Décisioun gouf vum Gemengerot ratifizéiert.

Punkt 8. De “Syndicat pour la Création d’un parc Naturel dans la Région du Mullerthal” ass bekanntlech opgeléist well d’Ziel duerch d’Grënnung vum Naturpark Mëllerdall erreecht gouf. D’Ofschlosskonte vum Syndikat an Héicht vun 223.234,42 Euro goufen approuvéiert an dëse Montant op de Kont vum Naturpark transferéiert.

Ënner Verschiddenes koumen nach Matdeelunge vum Schäfferot bäi. Den 18. Mee war zu Jonglënster eng Réunioun vum CGDIS (Corps grand-ducal d’incendie et de secours). Den 1. Juli trëtt hien a Kraaft an iwwerhëlt och d’Kommandogewalt vun de Beeforter Pompjeeën. De Pompjeesbau gëtt iwweregens en Donneschdeg, den 28. Juni, ëm 16.30 Auer ageweit. Den 23. Mee ass eng Réunioun mat der Iechternacher Museksschoul an et gesäit duerno aus, datt een op ee gemeinsamen Nenner kënnt wat d’Bedeelegung vun de Beiträg fir d’Museksschüler aus den anere Gemengen ubelaangt. Weider Theme waren de Buergermeeschterdag, de Rassemblement des Beaufort, Ännerung vum Busfahrplang an den Dreck an déi voll Poubelle beim Ministade bei der Äispiste.

D’Sëtzung gouf um 20.55 Auer opgehuewen.