Gréisser Investitiounsaarbechte gi realiséiert

Am Kummelsbau huet de Syndicat d’initiative et du tourisme (SITB) de Bilan vum leschte Joer gezunn. No der Begréissung huet d’Presidentin Françoise Bonert och den Aktivitéitsrapport 2017 virgestallt.

Bekanntlech gouf et d’lescht Joer technesch Problemer mat der Schwämm an aplaz am Mee konnten d’Dieren eréischt den 22. Juni opgoen an dat war praktesch zum Schluss vun enger ganz gudder Fréisummerperiod. D’Zuel vun den Entréeën ass vu 16.892 op 6.513 erofgaangen. Ganz aneschtes gesäit et bei der Äispiste aus. Mat 26.018 Entréeë gouf dat bescht Joer an de leschten 20 Joer verbucht a verglach mat 2016 ass et ee Plus vun 3,15 Prozent.

Een ähnlecht Resultat beim Camping, wou ee Plus vu 6,84 Prozent vis-à-vis vun 2016 konnt verzeechent ginn. 2017 goufe 5.437 Arrivéeë gezielt. Gläichzäiteg goufen och méi Animatiounen ugebueden an zwar 32 mat 593 Participanten (zesumme mam Office régional du tourisme).

 De Syndicat huet am leschte Joer och investéiert. Sou goufen ënner anerem eng Annexe un den Hall technique gebaut, nei Schlittschung kaaft, Fuite un de Réier vun der Äispiste gefléckt, nei Blummebacke mat “Regioun Mëllerdall – Holz vun hei” kaaft, eng nei Clôture ronderëm d’Schwämm opgeriicht, ee grousse Stëbssuckler zougeluecht, d’Beem geschnidden, nei Barrièren installéiert an zum Schluss hunn d’Renovéierungsaarbechte vum Sanitärblock 1 ugefaangen.

Am Beräich Marketing huet sech och eppes gedoen. De SITB huet elo een neien Internetsite an eng nei Adress (www.visitbeaufort.lu), et war een op der Foire Top Kids vertrueden, nei Deplianten an Dekoratiounsartikelen erausbruecht, nei Panneaue fir “Rent a Bike”, ee Film iwwert den Icekarting produzéiert an ee Fotoshooting op der Äispist organiséiert.

Am Kader vum Leader-Projet “Tourist-Info 2.0” hu sech d’Membere vum SITB un enger Rei Formatiounen a Workshops bedeelegt. Dorënner fält och een Éischt-Hëllef-Cours an eng Gästebefragung. 874 Gäscht hu matgemeet an d’Gesamtzefriddenheet beleeft sech op 4,1 vu 5. Des Weidere war de Beeforter Syndicat un enger Rei Manifestatiounen a Versammlungen am Tourismusberäich vertrueden.

Zu de Manifestatiounen am leschten Joer zielen ënner anerem a meeschtens zesumme mat de Veräiner: Grouss Botz, Blummemaart, geféiert Fréijoerswanderung Concert vu Cat Ballou a Kasalla, International Mullerthal Judo Summercup, Agility-Tournoi, Schlassfest, Indianerfest am Tipi-Duerf, Summermaart, Tour mat der Päerdskutsch, Oktoberfest, klenge Kiermesmaart, Ice-Skatingshow vu Metz (ongeféier 180 Zuschauer) a Medaileniwwerreechung un déi 132 Leit, déi un de Schlittschongcourse matgemeet hunn. Mat de Restaurateuren an Hoteliere gouf eng Informatiounsversammlung ofgehal.

Zu de schéine Momenter zielt d’Finaliséierung vun der éischter Phase vum Projet 6919 vun der Äispiste (nei Vestiaire fir den Äishockey a Schlittschongleefer mat engem neie Bloc sanitaire) a bei den negative Momenter sinn de Vandalismus am Tipi-Duerf, Sanitärblock a Kippiglay an d’Abréch den 22. Juli an 9. Oktober ervirzehiewen. De Comité huet sech sechs Mol gesinn an de Comité restreint 16 Mol.

De Bilan vun der Keess gouf vum Trésorier Camille Hoffmann virgedroen an hei sinn déi verschidden Nettozuelen: Piscine -25.591,64 Euro; Äispiste 5.667,27 Euro; Camping 173.894,14 Euro an Administration générale -55.857,58 Euro. Ënnert dem Stréch mécht dat ee Boni vun 98.112,19 Euro.  Am Numm vun de Keesserevisoren huet de Jemp Winandy d’Zuele bestätegt an d’Versammlung huet op säi Virschlag Entlaaschtung ginn.

Eng Plaz am Comité ass nach fräi an et huet sech kee fir dëse fräie Poste gemellt. De Comité setzt sech aus folgende Leit zesummen: Françoise Bonert (Presidentin a Sekretärin), Camille Hoffmann (Keessier), René Champagne, Nancy Dupont-Courtois, Alphons Haaker, Jacqueline Kuijpens-Fisch, Jean-Paul Post, Jos Scholtes, Emile Wies (Memberen) a John Stirn (Vertrieder vun der Gemeng).

Och an dësem Joer gëtt weider investéiert an zwar an d’Äispist (Vestiairen, Keess, Schlittschonglocatioun, Buvette, Réceptioun fir de Camping), Camping (Nei Klassifikatioun, Beem schneiden – Phase 2, Block sanitaire 1 an 2, nei Tipien (véier grouss Tipien an zwee Kuscheltipis fir dëse Mee), Planzaktiounen), Schwämm (Reparatioun vun der Anlag an nei Pompelen) a Marketing (nei Internetsite fir www.campingplage.lu an www.patinoire-beaufort.lu, nei Depliante, nei Gadgets zesumme mam ORT am Kader vun Leader-Projet “Tourist-Info 2.0”).

No de verschidde Mercien huet d’Lena Hetto vum ORT Mëllerdall de Syndicat fir hir Aarbechte félicitéiert an de Buergermeeschter Camille Hoffmann huet matgedeelt, datt d’Gemeng déi verschidde Projete géif ënnerstëtze souwäit dat méiglech ass.

Zum Schluss goufen nach d’Gewënner vum Blummeconcours geéiert. An de leschte Joren huet den Interessi fir matzemaachen ëmmer méi ofgeholl an esou gouf décidéiert fir eng Paus anzeleeën. Hei gesäit een d’Biller vun de Gewënnerhaiser. Geféiert Wanderunge ginn och keng méi gemeet mais et gëtt sech der bestehender Offer vun de Wanderungen ugeschloss. Ee spezielle Merci goung un d’Tessy Pena fir d’Organisatioun a Leedung vum Cours “Der Wald – mein Fitnessstudio” an dem Jos. Nerancic fir seng Fotoen.

De Programm vun den Aktivitéite fir 2018:

– 24.03: Grouss Botz
– 31.03: Geféiert Wanderung duerch den Naturbësch Saueruecht.
– 05.05: Blummemaart um Kiosk
– 10.05: Ouverture vun der Schwämm
– 01.06: Grillparty um Camping
– 08.06: Rassemblement des Beaufort (bis den 10. Juni)
– 08.06: Agiltiy Tournéier (bis den 10. Juni)
– 30.06: International Mullerthal Summercup am Judo
– 26.07: Indianerfest
– 12.08: Summermaart
– 30.09: Klenge Kiermesmaart
– 27.10: Ouverture vun der Äispist