“Vorbeugen ist besser als heilen”

Ganz gutt besicht war gëschter Owend eng Informatiounsversammlung iwwert de zukünftege Règlement grand-ducal zum Quelleschutz vum Drénkwaasser um Gebitt vun de Gemenge Beefort a Reisduerf an der Maison du Parc (Theis Haus).  Betraff sinn d’Quelle Grondhaff, Cloosbierg 1, Cloosbierg 2, Cloosbierg 3, Dillingen 1, Dillingen 2, Dillingen 3, Dillingen 4, Dillingen 5, Dillingen 6 an Dillingen 7. Un dëser Versammlung huet och d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg deelgeholl.

De Buergermeeschter Camille Hoffmann ass kuerz op d’Geschicht vun de betraffene Quellen agaangen. Am Joer 1924 goufen d’Quellen Dillingen 1 bis 7 un d’Stad Dikrech verkaaft an déi ginn nach haut vun hinne benotzt. Aus deem Gronn ware Vertrieder vum Dikrecher Schäffen- a Gemengerot un der Informatiounsversammlung präsent. D’Qualitéit vum Waasser ass immens wichteg a well verschidde Quellen net déi néideg Waasserqualitéit hunn gi se net benotzt. An enger aktiver Quell ass de Wäert vum Métolachlore-ESA (Herbizid) liicht ze héich an duerch eng Ausnamereegelung kann aus dëser Quell weiderhi Waasser geholl ginn awer och nëmme well Géigemoossnamen ënnerholl ginn an esou keng Gefor fir d’Gesondheet duerstellen.

No dëser kuerzer Begréissung huet d’Carole Dieschbourg an enger allgemenger Aleedung de Wäert vum Waasser erkläert. Bei der Waasserversuergung funktionéiert dës Regioun autonom a gläichzäiteg gouf een Opruff gemeet fir mam Waasser spuersam ëmzegoen. Nëmmen dräi Prozent vun de Baachen zu Lëtzebuerg sinn an engem gudde Zoustand a wéinst der schlechter Waasserqualitéit vun de Quelle kann ee Waasser fir eng 50.000 Leit pro Dag net benotzen. “Vorbeugen ist besser als heilen” an ënnert deem Motto ass de zukünftege Règlement grand-ducal zum Quelleschutz vum Drénkwaasser ze verstoen well am Endeffekt gëtt et méi bëlleg virzesuergen ewéi duerno déi sämtlech Moossname fir eng anstänneg Waasserqualitéit ze hunn.

Wéi de zukünftege Règlement grand-ducal zu dësem Sujet ausgesäit huet den Tom Schaul vun der Administration de la gestion de l’eau virgestallt. Et gi véier verschidde Zonen wat de Waasserschutz ubelaangt a vun de fënnef Etappe bis zur Realiséierung vum Projet si mer aktuell op der drëtter Etapp. Déi komplett Powerpoint-Presentatioun ass hei online an och d’Andeelunge sinn op Geoportail beim Layout Waasser (Drénkwaasserschutzzonen) ze gesinn. Dat neit Reglement wäert och um Internetsite vun der Gemeng www.beaufort.lu ze liese sinn.

No enger kuerzer Froeronn war d’Informatiounsversammlung no eng zwou Stonnen eriwwer an am klenge Krees gouf nach weider diskutéiert.