Agence mobile vun der Spuerkeess

Déi leschten Dënschdeg gouf sech de Site ugekuckt a getest an haut de Moie konnten déi éischt Bankenoperatioune getätegt ginn: d’Agence mobile vun der Spuerkeess. Bekanntlech gehéiert Beefort zu den Uertschaften, wou d’Spuerkeess d’lescht Joer fir den 30. Juni hir Agencen zougemeet huet.

Eemol pro Woch an zwar all Kéiers dënschdes vun 9.30 bis 11 Auer kënnt d’Agence mobile elo op Beefort. Nieft de geleefeg Bankenoperatioune kann een och Suen ophiewen an ee Versement tätegen. Allerdéngs ass et net méiglech Mënzen anzebezuelen oder Suen ze bestellen an ofhuele kommen. Et kann een zwar op der Plaz eng gréisser Zomm bestellen mais déi muss een dann op enger Agence ofhuelen.

Beefort ass iwwregens déi éischt Statioun, wou d’Agence mobile an den Asaz komm ass. Weider Informatioune ginn et ënner www.bcee.lu/agencemobile