Ronn 4.200 Kilometer getrëppelt

Am Restaurant Douro hunn d’Wanderfrënn Beefort de Bilan vum leschte Joer gemeet. Den Héichpunkt vun den Aktivitéiten ass d’Organisatioun vun de Päischtwanderdeeg, bei deenen 2017 iwwer 2000 Leit, dovunner 620 aus dem Ausland, de Wee op Beefort fonnt hunn. Den Trend geet dohinner, datt sech ëmmer manner Leit un der Päischtwanderung samschdes bedeelegen an de Méindeg ganz gutt besicht gëtt. Et lafen Iwwerleeunge fir de Samschdeg aus dem Programm ze sträichen.

Net nëmmen hei zu Beefort gouf getrëppelt mais och bei aner Wanderungen hu si sech bedeelegt. Mat engem Duerchschnëtt tëschen zéng an zwielef Kilometer pro Wanderung kommen déi 15 Memberen bei insgesamt 381 Participatiounen op eng Streck vun ongeféier 4.200 Kilometer, déi se d’lescht Joer zréckgeluecht hunn.

Fënnef Comitéssëtzunge waren néideg fir d’Aktivitéiten ze plangen a virzebereeden. Donieft war de Veräin nach op der Generalversammlung vun der FLMP (Fédération luxembourgeoise de marche populaire) vertrueden, huet am Juli een Ofschlossiesse fir d’Memberen organiséiert an am Oktober gouf een Ausfluch op Bruges gemeet. Véier Mol hunn déi Beeforter Wanderer den anere Veräiner bei hiren Aktivitéiten ausgehollef.

D’Keess huet zwar mat engem Defizit ofgeschloss mais de Veräin ass weiderhin gutt opgestallt.  

Bei der Wiel vum Comité gouf een Opruff ëm méi Disziplin gemeet an dat betrëfft ënner anerem eng Réckmeldung oder Äntwert wann et zum Beispill ëm eng Umellung geet. De Comité bleift onverännert a setzt sech zesummen aus Pol Lamar (President), Camille Mathes (Vizepresident), Ralph Berkes (Sekretär), Steve Dupont (Caissier) an Ursula Berkes, Anita Berkes an Nancy Dupont.

Den Datum vun den nächste Päischtwanderdeeg steet och fest: den 19. an den 21. Mee. Et ginn nach ëmmer Leit gesicht fir de Service ze garantéieren an och d’Strecken ze zeechnen, esou den Opruff un d’Membere vum Veräin. Mat engem neie Punktesystem wëll een d’Belounung vun den aktive Membere méi gerecht gestalten, déi dann bei den Ausflich oder Vakanzen zum Gelte kënnt. Dëst Joer geet den Tour op Annecy.

Bei der fräier Aussprooch huet de Buergermeeschter Camille Hoffmann de Veräin encouragéiert de Samschdeg bei der Päischtwanderung bäizebehalen a Merci gesot fir d’Aktivitéite vum Joer. 620 Wanderer aus dem Ausland bei de Päischtwanderdeeg ass eng Ënnerstëtzung vum Tourismus esou d’Françoise Bonert, Presidentin vum Beeforter Syndicat d’initiative et de tourisme, déi och den neie permanente Wanderwee ervirgehuewen huet.

Ofgeschloss gouf d’Generalversammlung mat Ham, Fritten an Zalot.