Nächste Rendezvous de 14. Oktober

Virgëschter Mëttwoch huet de Veräin “Rando  & Co Mëllerdall VoG” op d’Generalversammlung an d’Jugendherberge invitéiert.  “Rando  & Co Mëllerdall VoG” organiséiert all Kéiers den zweete Sonndeg am Oktober d’Randonnée Mullerthal zu Beefort an Ëmgéigend.

Obwuel déi lescht Editioun vun der Randonnée Mullerthal zäitgläich op d’Gemengewahle gefall ass waren d’Organisateuren zefridde mat der Zuel vun de Participante. Am Ganze hu 554 Leit de Wee op Beefort fonnt an dovunner sinn der 453 mam Mountainbike gefuer an 101 ze Fouss gaangen.

Den Datum vun der zwielefter Randonnée Mullertahl steet och fest an zwar e Sonndeg, de 14. Oktober 2018. Ugebuede gi rëm dräi Mountainbike-Strecken tësche 27 a 56 Kilometer an eng Wanderstreck vun néng Kilometer. Nei ass dës Kéier ee Kids-Tour vun ongeféier siwe Kilometer. Kanner ënner zéng Joer mussen a Begleedung vun engem Erwuessenen den Tour fueren an d’Participatioun fir d’Kanner ass gratis. De Start wäert och dës Joer rëm bei der Jugendherberge sinn, déi deen Dag och hir Porte ouverte huet.

De Comité ass houfreg, datt eng relativ kleng Unzuel vu Leit mat groussem Asaz sou eng Manifestatioun organiséiere kann. Dat geet awer nit ouni weider Ënnerstëtzung an dofir ee grousse Merci u jidderengem, deen um Erfolleg bedeelegt war: Participante, Hëllefer, Leit aus der Jugendherberge fir hir Gaaschtfrëndlechkeet, Gemeng, Forstverwaltung a Sponsoren.

De Comité setzt sech zesummen aus dem President Alphons Haaker, dem Vizepresident Marc Reckinger, der Sekretärin Renate Vrolijk, der Caissière Henriette Groeneveld an als Bäisetzer Edith Bergman, Félicie Stangé a Carlo Houdremont.

V.l.n.r.: Carlo Houdremont, Renate Vrolijk, Félicie Stangé, Alphons Haaker, Marc Reckinger. Op der Foto feelen nach d’Edith Bergman an Henriette Groeneveld.