De Budget 2018 gouf eestëmmeg ugeholl

Präsenzen (9/9): Camille Hoffmann (Buergermeeschter); Lily Scholtes an Emile Wies (Schäffen); Andreza Sanguessuga, Jean-Paul Stirn, Cindy Pereira, Jean-Luc Nosbusch, Marie-Ange Marson a Sandra Levy (Gemengeréit). Georges Rischette (Gemengesekretär).

Bei Matdeelunge vum Schäfferot goufe véier Theme behandelt: de Stand vun den Aarbechten an der Eppelduerferstrooss, d’Aarbechten vun der neier Kläranlag fänken den 8. Januar 2018 un, d’Lotissement op der Heed an an der Schleef an d’Gebai vum Hotel-Restaurant Ernz Noire, déi vun Famill Brimer iwwerholl ginn ass.

Bis op de Punkt 7 (Subsidien) goufe sämtlech Punkten eestëmmeg ugeholl.

1. Den Total beleeft sech op 49.090,12 Euro.

2. Am Service ordinaire belafe sech d’Recetten op 8.199.843,75 Euro an d’Dépensen op 6.966.630,93 Euro. Dat mécht ee Boni vun 1.233212,82 Euro. Am Service extraordinaire sti 725.970,00 Euro Recetten a 7.706.288,88 Euro Dépense géigeniwwer an dat mécht ee Mali vu 6.980.318,88 Euro. Beim Verrechne vum Boni aus dem Joer 2016 (4.777.762,54 Euro) kënnt een op ee Boni general vu 6.010.975,36 Euro am Service ordinaire. Duerch de Mali aus dem Service extraordinaire vu 6.980.318,88 Euro an dem Transfert vum Ordinaire an den Extraordinaire kënnt een op ee Mali vun 969.343,52 Euro.

3. Zesummefaassung vun den Eckdaten: Am Service ordinaire ginn d’Recette mat 8.590.287,62 Euro an d’Dépense mat 7.191.629,21 Euro gerechent, wat ee Boni vun 1.398.658,41 Euro mécht. Am Service extraordinaire sti 7.387.876,00 Euro op der Säit vun de Recetten a 7.805.885,23 Euro op der Säit vun den Dépensen an dat mécht ee Mali vu 418.009,23 Euro. Dobäi kënnt nach de Mali aus dem Joer 2017 an zwar 969.343,52 a sou beleeft sech de Mali general op 1.387.352,75 Euro. Duerch de Transfert vum Ordinaire an den Extraordinaire bleift zum Schluss ee Boni vu 11.305,66 Euro ënnert dem Stréch.

4. De Budget rectifié vum Exercice 2017: Am Service ordinaire ginn et Recetten an Dépensen an Héicht vu 86.750 Euro. Am Service extraordinaire beleeft sech den Total vun de Recetten op 5.795,35 Euro an dee vun den Dépensen op 3.748,46 Euro, wat ee Boni vun 2.046,89 Euro mécht.

De Budget vun 2018 gesäit am Service ordinaire Recetten an Dépense vu jeeweils 151.100 Euro vir. Am Service extraordinaire stinn 2.150 Euro Recetten op der enger Säit an 2.000 Euro Dépensen op der anerer Säit an dat mécht ee Boni vum Exercice vu 150 Euro. Mam Boni vun 2017 verrechent (2.046,89 Euro) ergëtt sech ee Boni general vun 2.196,89 Euro.

D’Participatioun vun der Beeforter Gemeng beleeft sech op 59.206,96 Euro am Budget rectifié 2017 an 89.717,63 Euro am Budget 2018.

5. Eestëmmeg ugeholl.

6. Hei beleeft sech de Montant op 250.000 Euro.

7. Bei de Subside fir d’Joer 2017 gouf et verschidden Ännerungen vis-à-vis vun 2016. Dräi Veräiner hunn déi néideg Ënnerlage fir ee Subsid ze kréien nit eragereecht. Den Délai war de 17. November 2017 an nodeems d’Frist bis de 4. Dezember verlängert gouf hu si nach ëmmer näischt eraginn. D’Propose fir deenen dräi Veräiner schrëftlech eng lescht Chance bis de 15. Januar 2018 anzeraume gouf verworf well sech dee Szenario all Joers widderhëlt a keng Besserung ze erkennen ass. Hu mat “Nee” ofgestëmmt: Jean-Luc Nosbusch, Cindy Pereira, Emile Wies, Lily Scholtes, Sandra Levy a Marie-Ange Marson; mat “Jo”: Jean-Paul Stirn a Camille Hoffmann; “Enthalung”: Andreza Sanguessuga. Déi betraffe Veräiner sinn (a Klameren de Montant, déi se kritt hätten): Club des Jeunes (1.000 Euro), Fuesclub (1.000 Euro) an de Sport- a Turnveräin (2.000 Euro). Eestëmmeg goufen uschléissend déi verschidde Beiträg gestëmmt: Pompjeeën 1.250 Euro; Jugendpompjeeën 1.500 Euro; Musek (en Suspens); Chorale Ste-Cécile 1.250 Euro; Club des Jeunes 0 Euro; Beeforter Senioren 1.000 Euro; Elterevereenegung 1.500 Euro; Theaterfrënn 750 Euro; Fuesclub 0 Euro; Groupe sportif, récréatif et culturel de Fiolhoso et Beaufort 750 Euro; Amis des Châteaux 7.500 Euro; Judo-Club 7.000 Euro; Äishockey 4.000 Euro; Club Hippique 1.000 Euro; Wanderfrënn 750 Euro; Keleclub 1.000 Euro; Turn- a Sportveräin 0 Euro; Amicale 750 Euro; Syndicat d’initiative et du tourisme 7.500 Euro; PaprikArt 750 Euro (nei); Victory Riders 750 Euro (nei); Scouten 750 Euro (nei).

Ënner Verschiddenes goufe folgend Theme ugeschwat: den Trottoir beim Busarrêt beim Hotel Meyer; Fëmmen um Terrain multisports; d’Opfangbecken an der Härewiss, Éierung vun de Matbierger mat engem ronne Gebuertsdag, Signalisatiounsschëlder a verstoppte Kanäl.

D’Sitzung gouf um 22.09 Auer opgehuewen.