Ee Coiffeurssalon am Second-Hand-Shop

Zanter dem Juni d’lescht Joer fënnt een op Nummer 6 un der Rue des Promenades zu Beefort, der nämmlechter Entrée vum Büro vun der Entreprise Scholtes-Vossen SA,  de “Yo’s Second Hand Shop”. Ewéi den Numm et schonns seet handelt et sech hei ëm ee Geschäft mat Okkasiounssaachen an am Mëttelpunkt stinn haaptsächlech Markekleeder fir d’Dammen. Nieft de Kleeder ginn och nach Schong, héichwäerteg Dekoratiounsartikelen, Bijouen an Accessoiren ewéi Poschen zum Beispill an nach villes méi ugebueden. Zur Auswiel sti bekannt Marken ewéi Desigual, Boss, Airfield, Comma, Esprit, Adidas, Cecile, s.Oliver, Street One, Jack Wolfskin, Only, Zara, Barisal, Ana Sousa, Rieka a Gabor fir nëmmen e puer ze ernimmen. An deem aus Holz flott ageriichte Raum ass och eng Kabinn ënnerbruecht, wou een d’Kleeder umoosse kann. Passend zu dëser Joreszäit sinn elo Wanterkleeder ausgestallt a geleet gëtt de “Yo’s Second Hand Shop” vum Yolande Scholtes-Vossen.

D’Ouvertureszäite sinn dënsdes a donneschdes moies vun 9 bis 12 Auer an nomëttes vu 14 bis 17 Auer. Selbstverständlech ass et och méiglech ee Rendez-vous ausserhalb den normalen Ouvertureszäiten ze fixéieren. Weider Informatioune ginn et op der Facebooksäit op däer och regelméisseg Meederchersowender ugekënnegt ginn.

De leschte Samschdeg gouf op der nämmlechter Adress eng offiziell Ouverture gefeiert. Ënnert dem Numm “Lilly James” féiert hei zanter enger Zäitchen d’Aurélie Cambier hire Coiffeurssalon fir Dammen an Hären. Dat Besonnescht ass, dat si ausschliisslech mat Produkter op biologesch organescher a planzlecher Basis schafft. Hir Servicer ëmfaasst déi komplett Offer vun enger Coiffeuse, Visagistin, Coloristin, Maquilleuse, asw. Och si schafft och op Rendezvous a detailléiert Informatioune ginn et um Internetsite www.lillyjames.lu, wou een och eng Rei Ateliere  ewéi zum Beispill am Make-up fënnt.