Summerfest bei de Pompjeeën

Nit grad vum Summerwieder begleet wor d’Summerfest vun de Pompjeeë gëschter Sonndeg beim Kiosk. Den Dag huet ugefaangen mat engem Aperitif mat Mëttegiesse vum Grill (Schnitzel oder een halwe Poulet mat Gromperen an Zalot) an de Grill wor de ganzen Dag ubliwwen.

Am Nomëtteg gouf et praktesch Virféierunge vun de Pompjeeën a Jugendpompjeeën an och Animatioun fir d’Kanner wor gesuergt.

Am Virfeld vum Summerfest gouf eng Feierläscherkontroll duerchgefouert. E Freideg am Nomëtteg konnt een de Feierläscher an de Pompjeesbau ofginn an d’Pompjeeën hunn deen den Dag drop de Leit zréckbruecht.

E puer Fotoe vun enger Virféierung vun de Jugendpompjeeën: