D’Beeforter Schlass an der Fielser Buerg

Bis den 31. Juli stellen am Ganzen néng Fotografen hir Fotoen a Biller an der Fielser Buerg aus an dat sinn de Gianni Del Bianco, Jean-Luc Schaeffer, Monique Mathieu, Lis Weber, Dan Katzenmeier, Norb Kimmel, Fernand Schiltz, Ren Spautz an de Jos. Nerancic. De Leschtgenanntenen dierft wuel enger Rëtsch Leit keen onbekannten Numm sinn: Hien schafft op der Gemeng zu Beefort a këmmert sech do ëm d’Koordinatioun vun der Kommunikatioun ewéi zum Beispill de beeforter.lu, den Internetsite beaufort.lu (dee geschwënn wäert een neie Layout hunn) an och déi nächst Gemengeblieder (De Beeforter). De Reporter aus der Gemeng fir d’Gemeng souzesoen.

Seng Biller weisen d’Beeforter Schlass an de verschidde Faarwen. Si sinn entstane bei de Concerten vun Amy MacDonald, Alan Parsons, Chris de Burgh a James Blunt am Kader vun de „Rock Classics @ Beaufort Castle“ an de leschte Joren a bei de „MagiCastle Nights“ am Abrëll dëst Joer. Opgetruede sinn „Sun Glitters“, „All Reitz Reserved“ a „Man’ok & Pierrick Grobéty“ an de „Melting Pol“ (Paul Schumacher) an d’Sandy Flinto wore fir de Videomapping zoustänneg. D’Biller sinn op Alu Dibond Butlerfinish an wéinst dësem Material ass et ganz interessant fir d’Biller och vun der Säit unzekucken, wou ee Reflektiounen a metallesch Effekter gesäit.

D’Ausstellung ass op während den Ouvertureszäite vun der Fielser Buerg (all Dag vun 10 bis 18 Auer) an d’Biller kann een och kafen.