Vill Kanner a Jugendlecher bei der “Grouss Botz”

De leschte Samsdeg wor d’Grouss Botz ugesot an obwuel um Kalenner den 1. Abrëll stoung wor et keen Abrëllswitz. Sou wéi d’lescht Joer hu sech erëm vill Kanner a Jugendlecher un der Aktioun bedeelegt, déi vum Syndicat d’initiative et du tourisme an Zesummenaarbecht mat de Veräiner organiséiert. No der Botzaktioun gouf dann zesummen eng Stäerkung ageholl. E Fotosandréck no der Aarbecht: