Eestëmmegkeet am Gemengerot

Präsenzen (8/8): Camille Hoffmann, Lily Scholtes, Emile Wies, Cindy Pereira, Jean-Paul Post, Andreza Sanguessuga, Jean-Paul Stirn, Romain Thielen.

Och an der Gemengerotssëtzung vun den Owend goufen déi puer Punkten um Ordre du Jour eestëmmeg ugeholl an hei ass d’Zesummefaassung vun der Sëtzung. Virum éischte Punkt goufen et nach e puer Matdeelunge vum Schäfferot. Op den Dag vum neie Pompjeesbau ass eng Fotovoltaikanlag virgesinn an hei kënne sech d’Leit akafen a vun hirem eegene Stroum profitéieren. Eng Aarbechtssëtzung mat de Verantwortleche ass fir dëse Freideg geplangt. D’Preparatioune fir de Chantier zu Déiljen sinn amgaangen an de Chantier fänkt dëst Woch un. Am Dossier vum Postgebai ass Bewegung komm a weider Entrevue si virgesinn. Geplangt sinn ausserdeem eng Packstatioun, Postshop an ee Bancomat vun der Post. Bei der Grouss Botz de leschte Samsdeg ass opgefall, datt sech vill Kanner a Jugendlech bedeelegt hunn.

Punkt 1: Ee Stéck vu sechs Ar um Hondsbierg zu Déiljen gouf fir am Ganzen 1.500 Euro ofkaf a fir weider Parzellen (Total 52,07 Ar) zu Beefort an der Géigend vum Schlass beleeft sech de Präis op 11.000 Euro.

Punkt 2: Eestëmmeg ugeholl.

Punkt 3: Déi nei Statute vun de Beeforter Pompjeeë goufen zur Kenntnis geholl.

Punkt 4: D’Amicale, déi d’Schlassfest organiséiert, kritt wéi an de leschte Joren ee Subsid vu 1.500 Euro.

Enner Verschiddenes woren d’Themen den Internetsite vun der Gemeng Beefort an de Gemengebuet “De Beeforter”, d’Aarbechten an der Eppelduerferstrooss, de villen Dréck an der Halerstrooss an d’Verkéiersproblematik bei der Kräizung rue du Château, rue Kummel an de Parking fir bei d’Schoul virun an no de Schoulzäiten.