Nei “Hoteler” beim Schlass

Alexandra a Gabriela sinn zwee Schülerinnen aus der “École privée Sainte-Anne” zu Ettelbréck a si maachen zur Zäit ee Stage op der Beeforter Gemeng. Wärend sechs Woche kréie si een Abléck an déi deeglech Aarbechten an de verschidde Servicer. D’lescht Woch stoung ënner anerem d’Kommunikatioun um Programm. Dobäi wore si ënner anerem op enger Pressekonferenz um Schlass a konnten d’Aarbecht vun de Journalisten, Fotografen (Lëtzebuerger Wort an Tageblatt) a Kamerateam (RTL Télé Lëtzebuerg) verfollegen.

Am Kader vun enger Pressekonferenz gouf de Projet “Këschte fir Fliedermais” virgestallt. Un dësem Projet bedeelege sech d’”Administration de la nature et des Forêts” (ANF), Beeforter Gemeng an den Natur- a Geopark Mëllerdall. Net wäit ewech vum Renaissance-Schlass goufe Këschte fir d’Fliedermais opgehaangen.

Zu Beefort beim Schlass ginn et aktuell dräi verschidden Zorte vu Fliedermais: Laangoueren, Zwerchfliedermais a Grouss Mausouer. Bei der Virstellung vum Projet gouf erkläert, datt d’Flantermais vill besser sinn ewéi et allgemeng behaapt gëtt.

An der Reegel kréien d’Fliedermais een Nowues pro Joer an et sinn d’Mammen, déi den Nowues an hirem Nascht grousszéien. D’Pappen dergéint sinn “um Tour”. All Zort vu Fliedermais huet seng spezifesch Bedierfnisser an dowéinst goufen och dräi verschidde Zorte vu Wunnkëschten. Dës Këschte befanne sech an enger Héicht vun dräi bis véier Meter a si sécher virun enger Rëtsch natierlech Feinden ewéi zum Beispill d’Kazen. Opgehaang goufen am Ganzen néng Këschten a Gruppe vun zwou bis dräi Këschte vum Bam.

Bei der Pressekonferenz hunn de Mikis Bastian (Natur- a Geopark Mëllerdall) an d’Désirée Dall’Agnol (Coordinatrice vun de Beeforter Schlässer) a Präsenz vum Buergermeeschter Camille Hoffmann op zwou Aktivitéiten an nächster Zukunft higewisen. De 4. Juni ass ee Workshop “(Un)heimliche Bewohner der Burg Beaufort” an de 16. Juli fënnt owes déi national “Batnight” zu Beefort statt.

Ofschléissend nach eng kleng Informatioun wann een eng blesséiert Flantermaus fënnt. Am Beschte virsiichteg mat Händschen upaken an eng biologesch Statioun an der Regioun kontaktéieren oder de Geo- an Naturpark Mëllerdall (Tel. 26 87 82 91-1).   

Den offizielle Communiqué: