Blummemaart zu Beefort

No zwee Joer huet rëm ee Blummemaart zu Beefort stattfonnt. Net ewéi gewinnt um Kiosk mee a Schmatts gouf den traditionelle Maart organiséiert an zwar vun de Beeforter Duerffrënn an Zesummenaarbecht mam Beeforter Syndicat d’initiative et du tourisme.

D’Visiteure hate wärend dem ganze Moien eng grouss Auswiel u Blummen a Planzen an op Wonsch ass de Blummentaxi d’Leit siche gefuer a si duerno mat de Blumme rëm Heem bruecht. Op der Plaz konnt een och seng Blummebacke beplanze loossen.

D’Blumme gouf vun der “Association des parents d’enfants mentalement handicapés” (Apemh) geliwwert.