Schreifplaz op der Bréck

Zanter Enn Juli leeft an der Härewiss de Projet “Schreifplaz op der Bréck”. Ënnert der Pergola stinn Tafelen aus Holz an heidrop kann ee säi perséinleche Beitrag zur Meenungsfräiheet op eng kënschtlerech Art a Weis bäidroen. Hannert dësem Projet steet de Richard Mignot, deen zënter engem Joer hei zu Beefort wunnt.

Am Juli goufen dräi Panneauen aus Holz opgestallt mat der Opfuerderung seng Meenung a Form vun engem Graffiti oder Zeechnung duerzestellen. Et huet mol keng hallef Stonn gedauert bis déi éischt Wierker ze gesi woren. Allerdéngs war et ee klengen Duercherneen an et konnt een näischt Richteges erkennen. An den nächste Stonne sinn eng 30 Jugendlecher op dës Plaz komm an duerch den Austausch konnt een zesummen ee Konzept an eng Richtlinn entwéckelen, wéi een dës Plaz vun der Meenungsfräiheet an Zukunft ka gestalten.

Des Weidere ginn eemol de Mount Atelieren organiséiert. An der Regel ass dat mëttwochs vun 13 bis 18 Auer. Dës Ateliere si gratis a jidderee kann drun deelhuelen, et besteet keng Alterslimite. D’Thema ass all Kéiers een anert an dobäi geet et ëm sech auszetauschen, mateneen ze schwätzen a sech Gedanken zu engem Sujet maachen. Duerch den Dialog, deen dobäi gefuerdert gëtt, entsteet eng Gruppendynamik an d’Gefill vum mateneen. Gläichzäiteg dréit jidderee säi Beitrag zu engem aktiven Duerfliewe bäi an et ass ee méi oppe fir een Dialog ze starten respektiv een Dialog ze féieren, eppes wat ee fréier regelméisseg op der Strooss gemeet huet wann ee sech begéint huet.

Et kënnt och zu engem Austausch tëschent de Generatiounen an dobäi léiert een och déi aner Persoune besser kennen. Dat erméiglecht bei enger zoufälleger Begéinung am Duerf direkt mateneen ze schwätzen a sech auszetauschen. Sou Ateliere sinn eng Méiglechkeet fir aus dem Anonymat erauszekommen an net nëmmen den Numm vun dem “Gesiicht” ze hunn mais och de Mënsch selwer. Fir un engem Atelier deelzehuele si keng Virkenntnisser néideg an duerch d’Ënnerhalung an der Grupp falen d’Sprochbarrièren.

Déi nächst Terminer sinn den 12. Februar (“Le Village”), 11. Mäerz (“Le Partage”), 8. Abrëll (“La Culture”), 9. Mee (“L’Europe”), 10. Juni (“L’Avenir”), 8. Juli (“La Nature”) an den 12. August (“Le Sport”). Des Weideren ass eng Ausstellung vun de Graffiti-Wierker virgesinn.